De Flamenniwwel (och als NGC 2024 bezeechent) ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Orion. De Flamenniwwel ass en Deel vum Orion-Komplex, engem Gebitt, wou Stäre gebuer ginn, zu deem ënner anerem och de IC 434 mat dem Päerdskappniwwel an den Orionniwwel gehéieren.

Date vum Flamenniwwel
Falschfarwen-Infrarout-Foto vum Flamenniwwel vum 2MASS (virdrun riets ënnen: Alnitak).
Objetstyp Emissiounsniwwel
Stärebild Orion
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 05h 41m 42s
Deklinatioun -01° 51' 00"
Ausgesinn
Visuell Magnitude  
Wénkelduerchmiesser 30,0' × 30,0'
Ioniséierend Quell
Bezeechnung IRS2b (?)
Spektralklass O8V bis– B2V
Physikalesch Daten
Gehéiert zum Orion-Komplex (Mëllechstrooss)
Distanz zirka 1.500 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet  
Absolutten Duerchmiesser zirka 6,5 Liichtjoer (?)
Radialvitess  
Katalogbezeechnungen
NGC 2024, CED 55P, H V.28, GC 1227

De Flamenniwwel gouf 1786 vum Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

 
De Stärenhimmel ëm de Flamenniwwel
Commons: Flame Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien