Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Figur vom Orion aus der griichescher Mythologie. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Orion.

Den Orion war an der griichescher Mythologie e grousse Jeeër aus Böotien. Bei der Juegd gouf hie vu senge Juegdhënn Sirius a Procyon begleet, déi och am Himmel a sengem Stärebild stinn. Wou en hierkënnt ass voller Widderspréch: heiansdo ass hien de Jong vum Poseidon an der Gorgon Euryale, heiansdo huet e gläich dräi Pappen, nämlech de Poseidon, den Zeus an een Drëtten (Hermes oder Ares). Allen dräi sollen hire Som an engem Sak aus der Haut vun engem Stéier gemëscht hunn. Vum Zeus huet en dohier seng Begeeschterung fir erotesch Aventuren, a vum Poseidon d'Fäegkeet iwwer d'Waasser ze goen.

Orionkonstellatioun

Seng Fra Side gouf vun der Hera an den Tartaros erofgestouss, well si ze vill houfreg op hir Schéinheet war.

Mythos änneren

An der Seechen ëm den Oenopion, de Jong vum Wäigott Dionysos, huet den Orion sech a seng Duechter Merope verléift, mä den Oenopion war mat enger Hochzäit net averstanen. Voller Roserei huet den Orion d'Merope vergewaltegt, woufir den Oenopion him d'Aan ausstieche gelooss huet, nodeem en hie mat Wäin voll gemaach hat. Den Hephaistos huet der Eos, der Gëttin vun der Aurora, erméiglecht, dem Orion seng Séikraaft nees hierzestellen, andeems hien de Schmadd Cedalion geschéckt huet, fir den Orion zum Sonnenopgang ze féieren. Den Orion huet geschwuer, sech um Oenopion ze rächen, mä den Hephaistos huet dësem gehollef, an hien ënnerierdesch verstoppt, soudatt den Orion hien net fanne konnt. Fir der Eos e Gefalen ze maachen, huet den Orion sech op der Insel Delos néiergelooss. D'Eos huet sech an hie verléift, wouropshin den Orion vun der Artemis mat Feiler ëmbruecht gëtt, well si jalous ass. Spéider bereit d'Artemis dës Dot, a setzt de Jeeër Orion als Stärebild an den Himmel, wou en nach haut hanner de schéine Plejaden hir ass - d'Plejade ginn als Siiwegestier kuerz virum Orion erop an erof.

Eng aner Geschicht erzielt vum Orion als iwweräifrege Jeeër, deen all wëll Déiere vum Äerdkrees ëmbrénge wollt. D'Gaia (d'Äerd selwer) oder d'Artemis hunn doropshin e Skorioun ervirbruecht, deen den Orion ëmbruecht huet. Den Heeler Asklepios huet ëmsoss versicht, hien ze retten. De Skorpioun an den Orion ginn als Stäerebiller an den Himmel versat, wou si sech ëmmer nach joen, dem Orion säi Stäerebild ass an de Wanterméint ze gesinn, de Skorpioun zu der Summerzäit, mä déi zwéin quasi ni zum selwechten Zäitpunkt. Och den Asklepios gëtt als Stäerebild Schlaangendréier an den Himmel versat. Fir aner Variante vu sengem Doud, kuckt och den Artikel zu der Artemis.

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Orion (mythology) – Biller, Videoen oder Audiodateien