Südhallefkugel

D'Halschent vun enger Äerd, déi südlech vum Equator läit

Als Südhallefkugel (och südlech Hallefkugel, Südhemisphär, südlech Hemisphär) gëtt deen Deel vun der Äerd bezeechent, dee südlech vum Equator ass.

Südhallefkugel
Südhallefkugel

Den astronomesche Summer dauert op der Südhallefkugel vun Dezember bis Februar an de Wanter vu Juni bis August. Dobäi leeft d'Sonn vun Osten iwwer den Norden no Westen. Nuets ass de Südstärenhimmel ze gesinn.

Op der Südhallefkugel leien haaptsächlech déi südlech Deeler vu Südamerika an Afrika, de gréissten Deel vun Indonesien, Australien, Neiséiland an d'Antarktis. Déi Südlech Hemisphär läit a wäiten Deeler an der Waasserhemisphär.

Duerch d'Corioliskraaft dréie sech op der Südhallefkugel Déifdrockgebidder, och z. B. Hurrikaner, am Auerzäresënn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Maps of Earth's hemispheres – Biller, Videoen oder Audiodateien