H-II-Gebidder sinn interstellar Gaswolleken déi liichten, mat engem Duerchmiesser deen dacks méi wéi e puer 100 Liichtjoer huet, an an deene Stäregebuerten entstinn. Jonk, waarm, blo Stären,déi duerch d'Gasemissioun entstane sinn, sende vill ultraviolett Liicht aus, dat den Niwwel ëm si ioniséiert.

NGC 604, e grousst H-II-Gebitt am Dräiecksniwwel.

An H-II-Gebidder entstinn Dausende vun neie Stären an enger Zäitperiod vun e puer Millioune Joer. Um Enn féieren awer Supernovaexplosiounen a Stärewand vun de gréisste Stären dozou, datt de Gas vum H-II-Gebitt zerstreet gëtt. Zeréck bleift e Stärekoup wéi d'Plejaden.

D'H-II-Gebidder hunn hiren Numm, well an hinne grouss Quantitéite vu ioniséiertem atomarem Waasserstoff, sinn, wougéint an H-I-Gebidder neutralen atomare Waasserstoff a molekulare Waasserstoff (H2) sinn. H-II-Gebidder kënnen am Universum nach op ganz groussen Distanzen ausgemaach ginn. Dofir ass d'Ënnersiche vun extragalakteschen H-II-Gebidder hëllefräich, fir d'Distanzen an d'cheemesch Zesummesetzung vun anere Galaxien z'ermëttelen.

Bekannt H-II-Gebidder änneren

H-II-Regiounen
Eegennumm NGC-Nr. Messier-Nr. Stärebild Distanz(Lj.)
Orionniwwel NGC 1976, 1982 M 42, 43 Orion 1.500
Konusniwwel NGC 2264 keen Monoceros 2.600
Adlerniwwel NGC 6611 M 16 Serpens 7.000
Kalifornienniwwel NGC 1499 keen Perseus 1.000
Carinaniwwel NGC 3372 keen Carina 6.500-10.000
Nordamerikaniwwel NGC 7000 keen Cygnus 2.000-3.000 (?)
Lagunenniwwel NGC 6523 M 8 Sagittarius 5.200
Trifidniwwel NGC 6514 M 20 Sagittarius 5.200
Rosettenniwwel NGC 2237-2239 + 2246 keen Monoceos 5.000
Omeganiwwel NGC 6618 M 17 Sagittarius 5.000-6.000
Galakteschen Niwwel NGC 3603 keen Carina 20.000
Tarantelniwwel NGC 2070 keen Dorado 160.000
Geeschterkapp-Niwwel NGC 2080 keen Dorado 168.000
Gasniwwel NGC 604 M 33 Triangulum 2.400.000

Um Spaweck änneren

Commons: H II regions – Biller, Videoen oder Audiodateien