Päerdskappniwwel
De Päerdskappniwwel oder Barnard 33 ass eng Donkelwollek am Stärebild Orion ass ee vun deene bekanntsten astronomeschen Objeten.
Date vum Päerdskappniwwel | |
---|---|
Objettyp | Donkelniwwel |
Stärebild | Orion (Ori) |
Positioun (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 5h 41m 00,00s |
Deklinatioun | -02° 27′ 30" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | +11,00 mag |
Wénkelduerchmiesser | 90,0' × 30,0' |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zum | Orion-Komplex (Mëllechstrooss) |
Distanz | zirka 1.500 Liichtjoer |
Absolut Hellegkeet | |
Absolutten Duerchmiesser | zirka 3 Liichtjoer (?) |
Radialvitess | |
Katalogbezeechnungen | |
Katalog | Barnard 33 • LDN 1630 |
Entdeckung
ännerenDe Päerdskappniwwel gouf vum US-amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard Ufanks vum 20. Joerhonnert fir d'éischt katalogiséiert. No sengem Androen an de Barnard-Katalog vun den Donkelwolleken ass zanterhier säi wëssenschaftlechen Numm Barnard 33, ofgekierzt B 33.
Astronomesch Bedeitung
ännerenEt handelt sech dobäi ëm eng Usammlung vu kalem Gas a Stëbs, déi, vun der Äerd aus gesinn, der Form vun engem Päerdskapp gläicht. Si läit direkt virum Emissiounsniwwel IC 434, dee roudelzeg liicht, soudatt si sech vum hellen Hannergrond ofhieft. D'Gasmasse sinn a Beweegung, soudatt den Niwwel an e puer dausend Joer säi Glach mat engem Päerdskapp verluer wäert hunn.
De Päerdskappniwwel ass ongeféier 1.500 Liichtjoer vun eis ewech. Seng gréisst Ausdeenung ass ronn 3 Liichtjoer.
Wéinst senger riseger Gréisst an der gerénger Hellegkeet ass eng visuell Observatioun och mat groussen Teleskopen zimmlech schwiereg. Een H-β-Filter kann awer hellefräich sinn.
Bei enger Ëmfro vun der NASA, watfireent Objet d'Hubble-Weltraumteleskop fotograféiere soll, war de Päerdskappniwwel de klore Gewënner.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Päerdskappniwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien |