De Messier 43 (och NGC 1982 oder De Mairans Niwwel genannt) ass e Gasniwwel am Stärebild Orion mat enger Hellegkeet vu +9,00 mag, deen een Deel vum Orionniwwel duerstellt. Den Niwwel huet eng Wénkelausdehnung vun 20,0' × 15,0', nërdlech vum Messier 42 (Orionniwwel).

M43 ass den nërdlechen Deel vum groussen Orionniwwel, iwwer der donkeler Stëpsspur

Den Niwwel gouf fir d'éischt am Joer 1731 vum Fransous Jean-Jacques Dortous de Mairan dokumentéiert. De Charles Messier huet dem Niwwel a sengem Katalog eng eege Katalognummer ginn.

Den Emissiounsniwwel ass ronderëm de verännerleche Stär NU Orionis (HD 37061) a gëtt vun him beliicht. D'Gaswollek ass wéi de Rescht vum Orionniwwel eng HII-Regioun.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Messier 43 – Biller, Videoen oder Audiodateien