Orioniden
Orioniden[1] | |
---|---|
Aktivitéitszäitraum | 2. Oktober - 7. November |
Aktivitéitsmaximum | 21. Oktober |
Radiantepositioun vum Maximum |
RA: 6 h 20 m DE: +16° |
ZHR | 25 |
Populatiounsindex | 2,5 |
geozentresch Vitess | 66 km/s |
D'Orionide sinn ee vun de fënnef aktiivste Meteorstréim. De Meteorstroum mécht sech all Joer an de Mueresstonne vum 19. bis den 23. Oktober als Schwaarm vu Stäreschnäize bemierkbar.
Déi kleng Kierper sinn e puer Milligramm schwéier, produzéieren awer wéinst hirer héijer Vitess trotzdeem eng Liichtspur duerch Ioniséierung vun de Loftdeelercher an der héijer Atmosphär. Am Géigesaz zu sporadeschen (zoufälleg verdeelten) Meteoren hu si wéinst dem kollektiven Urspronkskoméit bal parallel Bunnen am Raum.
Doduerch schénge si um Himmel aus hirem Fluchtpunkt, dem sougenannte Radiant ze kommen, deen eppes nërdlech vum Stärebildkapp vum Orion läit. Duerchschnëttlech kann ee mat bloussem A baussent de grousse Stied pro Stonn ongeféier zéng vun dëse Spuere gesinn, déi och mat der Radarmethod méi genee ënnersicht goufen.
D'Orionide si labber Wolleke vu verstreetem Material vum Koméit Halley, déi sech am Laf vun de Joerdausenden duerch Aflëss vu klenge Bunnstéierungen am Sonnewand op der ganzer Koméitebunn verdeelt hunn. Och d'Eta-Aquariden vun der éischter Meehallschent stame vum Koméit Halley, allerdéngs vun enger anerer Plaz vu senger schmueler Ellipsbunn.