De Rigel ass den hellste Stär am Stärebild Orion an dee siwenthellste Stär um Himmel. Säin Numm kënnt vum arabeschen Rijl Jauza al-Yusra a bedeit „lénkse Fouss vum Mëttelsten“ (?). An der Astronomie gëtt hien als β Orionis bezeechent. Hien ass en Deel vum Wantersechseck.

Stärekaart Orion
Daten
Bezeechnungen β Ori
19 Ori
Stärekatalog

HD 34085
HR 1713
TYC 5331-01752-1

Positioun (Equinoxe J2000.0) RA 5h14m32.30s
Dekl. -08°12'06,0"
Visuell Magnitude 0m,12
Spektralklass B8 Ia
Ofstand vum Sonnesystem 775 Liichtjoer

Seng Distanz läit tëscht 700 an 900 Liichtjoer; d'Hipparcos-Raumsond huet 773 Liichtjoer gemooss. Bei sou Distanzen ass de Feelerberäich allerdéngs grouss.

De Rigel ass en Iwwerris mat der Spektralklass B8 an enger Liichtkraaftklass Ia a straalt mat ongeféier der 62.000-facher Liichtkraaft vun eiser Sonn, seng absolut Magnitude ass -7m,1. Domat ass hie mat Ofstand den hellste Stär an eiser Regioun vun der Mëllechstrooss. Wéinst senger Distanz huet hien eng visuell Magnitude vun 0m,12. Hien huet dobäi eng gewësse Verännerlechkeet a senger Hellegkeet. D'Amplitude entsprécht wéinst der logarithmescher Definitioun vun der visueller Magnitude, ongeféier 30 Prozent vum ganze Liicht an engem mëttleren Zäitraum vu 25 Deeg.

Et gëtt ugeholl, datt de Rigel e Dräifachsystem ass, an deem den Haaptstär Rigel A vu zwéi méi klenge Begleeder, Rigel B an C, op enger Distanz vun 2000 AE ëmkreest gëtt. De B an C ëmkreese sech op enger Distanz vun 28 AE.

De Rigel ass an engem Beräich, an deem vill interstellar Matière ass, a bréngt wéinst senger Liichtkraaft méi Stëbswolleken un d'Liichten. Eng dovun ass de Päerdskappniwwel mat der Bezeechnung IC 2118.

Um Spaweck änneren

Weider Bedeitung änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie


Commons: Rigel – Biller, Videoen oder Audiodateien