Sirius
Stärebild: Canis Major (CMa)
Aner Bezeechnungen
Canicula - Hondsstär - Aschere
Bayer-Buschtaf: α
Flamsteed-Nummer: 9
Bright Star Catalogue: HR 2491
Henry-Draper-Katalog: HD 48915
SAO-Katalog: SAO 151881

De Sirius, (α / Alpha Canis Majoris) och Hondsstär, Aschere oder Canicula genannt, ass den hellste Stär um Nuetshimmel an den Haaptstär vum Stärebild Canis Major (Groussen Hond). De Groussen Hond stellt wuel ursprénglech de schakalkäppegen alegyptesche Gott Anubis duer. De Sirius ass de südlechste Stär vum Wantersechseck.

Koordinate fir d'Equinoxe J2000.0:

De Stär Sirius ka vun alle bewunnte Géigende vun der Äerd gesi ginn an huet eng visuell Magnitude vu -1,46m an eng absolut Hellegkeet vun 1.5M. Mat nëmmen 8,6 Liichtjoer Distanz ass hien och ee vun den nooste Stäre vun der Äerd, an huet dofir eng relativ grouss Eegebeweegung vun 1,3 Bousekonnen am Joer. De Sirius gehéiert ausserdeem zum Ursa-Major-Stroum, d. h. hien huet eng änlech Eegebeweegung wéi Deeler vum Stärebild Ursa Major (Grousse Bier), an ass dofir och entwécklungsgeschichtlech mat dëse Stäre Famill.

De Sirius ass en Haaptreiestär vun der Spektralklass A0 oder A1 mat der Liichtkraaftklass Vm.

Seng Mass ass ronn 2,4-mol méi grouss wéi déi vun eiser Sonn, säin Duerchmiesser ass 1,8-mol a seng Liichtkraaft 26-mol méi grouss. Seng Uewerflächentemperatur läit bei ronn 10.000 K, wat de Grond fir seng grouss Hellegkeet ass.

Physikalesch Eegenschaften änneren

Sirius A änneren

De Sirius A ass en Haaptreiestär vum Spektraltyp A1 mat der Liichtkraaftklass V an dem Zousaz m fir "metallräich". Seng Mass ass ongeféier 2,1-mol sou grouss wéi vun eiser Sonn. Miessunge weisen, datt säin Duerchmiesser dat 1,7-facht vum Sonnenduerchmiesser huet. Dem Sirius seng Liichtkraaft ass 25-mol sou héich wéi déi vun eiser Sonn. D'Uewerflächentemperatur huet knapps 10.000 K.

Déi duerch d'Rotatioun vum Stär verursaacht Dopplerverbreedung vun de Spektrallinnen erlaabt et, eng Ënnergrenz fir d'Rotatiounsvitesse um Equator ze bestëmmen. Si läit bei 16 km/s, wouraus eng Rotatiounsdauer vu ronn 5,5 Deeg oder manner follegt. Dës niddreg Vitess léisst keng moossbar Ofplattung vun de Pole erwaarden. Am Géigesaz dozou rotéiert déi änlech grouss Vega mat 274 km/s méi séier, wat eng grouss Ausbuchtung um Equator zur Folleg huet.

 
Verglach vun de Gréissten tëscht Sirius A (lénks) an eiser Sonn

De Liichtspektrum vu Sirius A weist charakteristesch metallesch Linnen. Dëst deit op eng Uräicherung vu schwéieren Elementer wéi Helium, wéi eventuell dat spektroskopesch besonnesch liicht observéierbaart Eisen, hin.

D'Verhältnes vun Eisen zu Waasserstoff ass an der Atmosphär ongeféier dräimol sou grouss wéi an der Atmosphär vun der Sonn (gläich enger Metallizitéit vun [Fe/H] = 0,5. Et gëtt ugeholl, datt deen an der Stärenatmosphär observéierten héijen Undeel vu schwéieren Elementer net representativ fir de ganze Stärekär ass, mä duerch Uräicherung vun de schwéieren Elementer op der dënner baussenzeger Konvektiounszon vum Stär zustane kënnt.

D'Gas- a Stëbswollek, aus där Sirius A zesumme mat Sirius B entstoung, hat no gängege Stäremodeller no ongeféier 4,2 Millioune Joer dat Stadium erreecht, an deem d'Energiegewënnung duerch déi lues ulafend Kärfusioun d'Energiefräisetzung duerch Kontraktioun ëm d'Hallschent iwwertraff. No 10 Millioune Joer schliisslech staamt déi komplett ausgeléist Energie aus der Kärfusioun. Sirius A ass zanterhier e gewéinleche, Waasserstoff verbrennenden Haaptreiestär. Hie produzéiert bei enger Kärtemperatur vu ronn 22 Millioune Kelvin seng Energie haaptsächlech iwwer de Bethe-Weizsäcker-Zyklus. Wéinst der staarker Temperaturofhängegkeet vun dësem Fusiounsmechanissem gëtt déi produzéiert Energie am Kär gréisstendeels iwwer Konvektioun transportéiert. Baussenzeg vum Kär geschitt den Energietransport duerch Stralung, nëmme knapps ënner der Stärenuewerfläch besteet nees konvektiven Transport (kuckt och Stärenopbau).

De Sirius A wäert säi Proviant u Waasserstoff an den nächste knappse Milliarde Jore verbrauchen, duerno den Zoustand vun engem Roude Ris erreechen an dann als Wäissen Zwerg vun ongeféier 0,6 Sonnemassen enden.

Sirius B änneren

De Sirius B, de liichtschwaache Begleeder vum Sirius A, ass deen dem Sonnesystem nächstgeleeëne Wäissen Zwerg. Hien ass ongeféier sou grouss wéi eis Äerd a wéinst senger Noperschaft ee vun de bescht ënnersichte Wäissen Zwergen iwwerhaapt. Hien hat bei der Entdeckung a Beschreiwung vu Wäissen Zwergen eng wichteg Roll gespillt. D'Observatioun gëtt doduerch méi schwéier, well hien duerch déi grouss Hellegkeet vum Sirius A iwwerstraalt gëtt. De Sirius B huet 98 % vun der Sonnemass, awer nëmmen 2,7 % vun hirer Liichtkraaft.

Duebelstäresystem Sirius änneren

 
De Sirius mat sengem Begleeder

De Sirius ass en Duebelstäresystem. De Begleetstär ass duerch de groussen Hellegkeetsënnerscheed an dem kuerzen Ofstand vu maximal 11,4 Bousekonnen eréischt am Joer 1862 vum Alvan Graham Clark (Jong vun engem Teleskopebauer) entdeckt ginn. Géintiwwer vun der méi heller Komponent Sirius A huet de Begleetstär Sirius B nëmmen eng visuell Magnitude vun 8,5m an ass e Wäissen Zwerg. Dat gouf eréischt am Joer 1923 erkannt, wéi sech erausgestallt huet, datt, obwuel de Sirius B bal sou schwéier ass wéi eis Sonn an eng wiesentlech méi waarm Uewerflächentemperatur vun 25.000 K huet, muss hie bei senger schwaacher Hellegkeet eng entspriechend manner grouss sinn. De Sirius B ass ronn 0,94 Sonnemasse schwéier, ass dobäi awer méi kleng wéi den Neptun. Et war den éischte wäissen Zwerg, den entdeckt gouf an ëmkreest de Sirius A eemol a knapps 50 Joer.

Den Ofstand vu béide Stären (grouss Hallefachs) ass ronn 4 Mrd. km (vergläichbar mat der Distanz Sonn-Neptun), woubäi d'Exzentrizitéit vun der Bunn mat 0,58 zimmlech héich ass.

Vu wiem ass den Numm änneren

Den Numm Sirius selwer staamt entweeder vum alegyptesche Gott Osiris, vum griichesche Sirene, oder vum griichesche Wuert seirios, de "Verbrannten" of.

Umierkung: De Sirius ass d'Isis, den Orion ass d'Osiris.

Geschichtlech Notiz änneren

De Sirius war den éischte Stär fir deen eng Miessung vun der Vitess vu senger Beweegung am Raum mat Hëllef vum Doppler-Effekt gemaach gouf. (1862)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie


Um Spaweck änneren

Commons: Sirius – Biller, Videoen oder Audiodateien