Als Emissiounsniwwel ginn an der Astronomie Wolleke mat interstellarem Gas (Niwwel) bezeechent, déi selwer Liicht a verschiddene Faarwen emittéieren. Domat ënnerscheede si sech vun de Reflexiounsniwwelen, déi nëmmen agestraalt Liicht reflektéieren.

D'Energiequell, déi den Niwwel zum Liichten ureegt, sinn héichenergetesch Photone vun engem oder méi waarme Nopeschstären.

D'Stären, déi fir d'Liichte vum Emissiounsniwwel verantwortlech sinn, si meeschtens waarm, jonk Stäre vun der Spektralklass O, B oder A, well nëmme si déi noutwenneg Energie ofstrale kënnen. Meeschtens handelt et sech bei den Niwwelen ëm d'Iwwerreschter vun de Gaswolleken, aus deenen dës Stären entstane sinn. Déi Aart vun Emissiounsniwwele sinn heefeg en H-II-Gebitt, d. h. e Gebitt, an deem Waasserstoff ioniséiert virkënnt.

Och zu den Emissiounsniwwele gehéiere prinzipbedéngt déi planetaresch Niwwelen, bei deenen allerdéngs e waarme wäissen Zwerg, also den Iwwerrescht vun engem Stär, fir d'Liichte suergt. Hei besteet den Niwwel aus den ofgestoussene baussenzege Gasmäntel vu fréiere Stären.

D'Faarf vum Niwwel hänkt vu senger cheemescher Zesummesetzung a vun der Energie vum agestraalte Liicht of. Wéinst der Heefegkeet vu Waasserstoff am interstellare Gas a senger relativ niddreger Ionisatiounsenergie liichte vill Niwwele mat deem fir si charakteristesche Rout bei enger Wellelängt vu 656,2 nm. Steet nach méi Energie zur Verfügung, ass et och méiglech, datt aner Elementer ioniséiert ginn, an Niwwele mat grénger a bloer Faarf entstinn. Aus dem Spektrum vun engem Niwwel kënnen Astronomen d'Elementer bestëmmen déi dra sinn. Déi meescht Emissiounsniwwele bestinn zu 90% aus Waasserstoff, des Weideren och aus Helium, Sauerstoff, Stéckstoff an aner Elementer.

Schéi Beispiller fir Emissiounsniwwele sinn de Lagunenniwwel M 8 an den Orionniwwel M 42.

Emissiounsniwwelen enthalen dacks donkel Regiounen, wou dicht Stëbswolleken, sougenannt Donkelwolleken, kee Liicht derduerch loossen. Sou Kombinatioune vun Emissiounsniwwelen an Donkelwolleken erginn interessant a kuckeswäert Objeten.

Emissiouns- a Reflexiounsniwwele kënnen dacks zesummen observéiert ginn a ginn heiansdo zesummegefaasst als diffusen Niwwel bezeechent. Beispiller dofir sinn den Omeganiwwel M 17 an den Trifidniwwel M 20.

Um Spaweck

änneren
Commons: Emissionsnebel – Biller, Videoen oder Audiodateien