Jacques Dollar
De Jacques Dollar (eigentlech Jacques François Dolar), gebuer den 3. Dezember 1926 um Bourget bei Paräis a Frankräich, a gestuerwen den 18. Februar 2017[1], war en Historiker, Auteur, Zeechner, Moler a Sculpteur. Vu Beruff war hien techneschen Zeechner op der HADIR an duerno op der ARBED.
Jacques Dollar | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jacques François Dolar |
Gebuer | 3. Dezember 1926 |
Gestuerwen | 18. Februar 2017 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur, Zeechner, Historiker, Auteur |
Am Alter vun eppes iwwer engem Joer koum de Jacques Dollar mat sengen Elteren aus Frankräich op Uewerkuer. Matzen am Zweete Weltkrich (1943) huet hien op der Schmelz ugefaange mat schaffen; hien ass 1983 a Pensioun gaangen.[2] Am Krich war hien an der Resistenz beim Service de renseignements et d'action PI-Men;[3] hie gouf eng Zäit als politesche Gefaangene vun den Däitsche festgehalen.
De Jacques Dollar huet zu Nidderkäerjeng gewunnt, war bestuet a Papp vun zwee Meedercher an engem Jong.
Konschtwierker
änneren- Monumental Skuptur Mémorial de l'évasion aus Grey-Träger, 1965, Place de la Résistance, Déifferdeng[4]
Publikatiounen (Auswiel)
änneren- Les Luxembourgeois et la France de Poincaré à Pompidou; Lëtzebuerg, 1973 (zweemol reéditéiert);
- Charles de Gaulle, symbole de la grandeur de la France; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1980; 128 Säiten.
- Vauban à Luxembourg, place forte de l'Europe (1684-1697); Lëtzebuerg, RTL Edition, 1983; ISBN 2-87951-032-5;
- La prise de Luxembourg par l'armée républicaine; Bascharage, vum Auteur selwer erausginn, 1984;
- Les intrigues de Louis de Luxembourg, comte de Saint-Paul, connétable de France; Bascharage, beim Auteur, 1985; 232 Säiten, ill.;
- Bicentenaire du massacre de Differdange; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 1994;
- La démystification du "Klöppelkrich" (sic) - Le soulèvement des paysans ardennais de 1798; Lëtzebuerg, 1981;
- Napoléon et le Luxembourg; Lëtzebuerg, 1979;
- L'exode des Luxembourgeois sur les routes de France en mai 40; Lëtzebuerg, 1990;
- Josy Goerres et les PI-MEN dans la Résistance; Lëtzebuerg, 1986;
- Histoire de la "Luxembourg Battery"; zesumme mam Lt-Col. Robert Kayser ; publizéiert mat der Ënnerstëtzung vum 'Ministère de la Force publique' a vum 'Conseil national de la Résistance'; Lëtzebuerg, Imprimerie centrale, 1982;
- Si le château de Differdange nous était conté; Lëtzebuerg, erausgi vun der ARBED ënner der Schiermherrschaft vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn, 1987;
- Lorsque le bassin minier de la Chiers risquait d'être rattaché à la Belgique ; in: Die Warte / Perspectives, am Luxemburger Wort vum 12. Januar 1989.
- Jean l'Aveugle; Lëtzebuerg, 1991;
- Le moulin banal de Bascharage, ancienne enclave barro-lorraine; Lëtzebuerg, 1996;
- Souvenirs du général Simmer de Rodemack, baron d'Empire ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 36/1829; Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 4. Dezember 1997; ill..
- Le Général de Lattre de Tassigny et le Luxembourg; in: La Voix du Luxembourg vum 6. Mee 1999;
- La Simmerschmeltz et les forges d'Ansembourg; in: édité sous les auspices des Administrations communales de Septfontaines et de Tuntange 2000.
- Bicentenaire de l'École spéciale militaire de Saint-Cyr; in: Die Warte - Perspectives, Nr. 15 / 1998, Luxemburger Wort vum 2. Mee 2002;
- Chronique de la "Käerjenger Millen"; in: U.N. Käerjeng '97 - 5e anniversaire & inauguration du 1er drapeau ; Käerjeng, 2003; Ss. 71-79 (ill.);
Gielercher
änneren- Chevalier de la Légion d'honneur
- Officier vum Ordre national du Mérite de la République Française (Promotioun 1980)[5]
- Croix d'Honneur et de Mérite Militaire, en argent (Promotioun 1963)[6]
- Titre de Résistant (Promotioun 1975)[7]
- Médaille in Bronze vum Organisation Souvenir Français du Luxembourg (Promotioun 1975)
- Médaille de la Résistance (Promotioun 1976)[8]
Literatur
änneren- Un "frontalier des cultures" - Les 75 ans de Jacques Dollar ; (ge) in: Luxemburger Wort vum 3. Dezember 2001;
- De Jacques Dollar kritt der 80: Dës an déi Säit vun der franséischer Grenz - E klengt Wuert fir en treie Warte-Mataarbechter ; (ni) in: Die Warte - Perspectives Nr. 32 / 2167, am Luxemburger Wort vum 30. November 2006.
Referenzen
änneren- ↑ Luxemburger Wort 2017-02-21, S. 52, Doudesannonce.
- ↑ Scalise, Pino: "Äddi Jacques Dolar (1926-2017)", Luxemburger Wort, 2017-03-04. S. 91.
- ↑ "Dolar Jacques", Ons Jongen a Meedercher, Fédération des enrôles de force.
- ↑ "L'Inauguration du Mémorial National de l'Évasion à Differdange", Bulletin de documentation, Ministère d'État, 31. Oktober 1965.
- ↑ "Remise de décorations à l'ambassade de France", Luxemburger Wort, 15. Juli 1980.
- ↑ "Interalliiertes Resistenzlertreffen in Luxemburg", Luxemburger Wort, 10 . Juni 1963.
- ↑ "43 Luxemburger erhielten den „Titre de Résistant”", Luxemburger Wort, 27. Januar 1975.
- ↑ "Auszeichnungen für 150 verdienstvolle Resistenzler", Luxemburger Wort, 26. Februar 1976.