Departement Drôme

franséischt Departement
Drôme
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Prefecture Valence
Ënnerprefecture Die
Nyons
Bevëlkerung 473 428 Aw.(2007)
Fläch 6 530 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 36
Gemengen 369

D'Drôme ass e franséischt Departement an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes. Säin Numm huet et vum Floss Drôme deen derduerch leeft. Den INSEE-Code vum Departement ass d'Nummer 26.

Geschicht

änneren

D'Departement gouf wéi déi aner 82 Depertementer, wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790, an Applikatioun vum Gesetz vum 22. Dezember 1789, geschaf. Et setzt sech zesummen aus engem Deel vun der fréierer Provënz Dauphiné.

D'Grenze vum Departement goufen am Laf vun der Zäit e puermol geännert. 1792 koum de Comtat Venaissin dobäi. Wéi 1793 d'Departement Vaucluse gegrënnt gouf, war déi nächst Ännerung fälleg. Carpentras a Valréas hunn net laang zur Drôme gehéiert. Déi Ännerungen hunn och aus dem Kanton Valréas eng Enklav vun engem Deel vun der Vaucluse an der Drôme gemaach.

Geographie

änneren

D'Drôme grenzt un d'Departementer Ardèche, Isère, Hautes-Alpes, Alpes-de-Haute-Provence, an d'Vaucluse. De Relief vum Departement ass doduerch datt en zu engem groussen Deel zu de westlechen Alpe gehéiert, ganz koppeg, dozou gehéieren och nach Deeler vun de Viralpe wéi de Plateau vum Vercors den Diois den Dévoluy, an d'Baronnies am Osten, an den Dall vum Rhône am Westen.

Den héchste Punkt an der Drôme ass de Rocher Rond am Massif du Dévoluy mat 2.456 Meter.

D'Drôme deelt sech op a fënnef Géigenden:

  • D'Drôme des collines am Norde mat Felder a Bëscher, déi de Bierger vum Lyonnais gläicht.
  • Den Dall vu Valence am Weste vum Cul du loup.
  • De Vercors am Osten.
  • Den Dall vun der Drôme an d'Géigend vun Die um Fouss vum Vercors.
  • d'Drôme provençale am Süden.

De Floss Drôme deen derduercht leeft, ass en Niewefloss vum Rhône. En ass ronn 110 km laang, an huet seng Quell op der Grenz mat den Hautes-Alpes, zu La Bâtie-des-Fonds.

De Klima ass méi oder wéineger kontinental nërdlech vu Livron. Tëscht Livron a Montélimar ass e Mëttelmierklima mat kontinentalen Aflëss, a weider südlech ass et en typescht Mëttelmierklima. Am Oste sinn d'Alpe mat engem Biergklima.

E gëtt beaflosst vum Wand deen aus dem Norde bléist, dem Mistral a vum Wand aus dem Süden de Marin.

Den Nidderschlag ass mat 850 – 950 mm am Joer relativ héich. D'Drôme gehéiert mat der Vaucluse an der Ardèche zu den Departementer, déi déi meescht Donnerwiederen hunn.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Drôme – Biller, Videoen oder Audiodateien