Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Juan-les-Pins ass eng Uertschaft op der Côte d'Azur. D'Uertschaft gehéiert zur Stad Antibes a läit am Departement Alpes-Maritimes an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. D'Gemeng huet zesumme mat Antibes ongeféier 74.000 Awunner an nennt sech offiziell Antibes Juan-les-Pins. Bis op Nice sinn et eppes 20 km a bis op Cannes gutt 12 km.

Bléck op d'Mëttelmier, vu Juan-les-Pins aus am Owend

Juan-les-Pins hat seng Glanzzäit an den 1920er Joren, wéi et vill Amerikaner dohi gezunn huet.

Jazzfestival änneren

Nom Zweete Weltkrich huet Juan en neien Opschwonk kritt, och duerch säin Jazz-Festival, deen 1960 lancéiert gouf. All grouss Jazzmuseker, wéi Louis Armstrong, Count Basie, Charles Mingus, Miles Davis, Ella Fitzgerald, Duke Ellington, Sarah Vaughan, Ray Charles, Herbie Hancock, Georges Benson, Keith Jarrett, Al Jarreau, etc. hunn dunn de Wee op Juan-les-Pins fonnt. Dee Festival ass hautdesdaags am Juli.

Um Spaweck änneren

Commons: Juan-les-Pins – Biller, Videoen oder Audiodateien