Jens Stoltenberg

norwegeschen Ekonomist a Politiker

De Jens Stoltenberg, gebuer de 16. Mäerz 1959 zu Oslo, ass en norwegeschen Ekonomist a Politiker vun der sozialdemokratescher Aarbechterpartei.

Jens Stoltenberg
Gebuer 16. Mäerz 1959
Oslo
Nationalitéit Norwegen
Educatioun Kathedralschoul vun Oslo,
Universitéit Oslo
Aktivitéit Ekonomist, Politiker, Staatsmann

Zanter dem 1. Oktober 2014 ass hie Generalsekretär vun der NATO. Enn Mäerz 2022 krut hien, wéinst dem Krich an der Ukrain säi Mandat ëm ee Joer verlängert, dat am Fong Enn September 2022 op en Enn hätt solle goen.[1]

Karriär änneren

De Stoltenberg huet Ekonomie studéiert a war eng Zäit laang Journalist. 1993 gouf hien eng éischt Kéier an de Storting (Parlament) gewielt. Hie war vun 1990-2001 Staatssekretär am Ëmweltschutzministère, 1993-1996 Wirtschafts- an Energieminister, an da bis 1997 Finanzminister.

Vum Mäerz 2000 bis 2001 war e Ministerpresident vun Norwegen. 2002 gouf e President vu senger Partei. De 17. Oktober 2005 gouf hien eng zweet Kéier Premierminister. Bei de Parlamentswalen am September 2009 gouf seng Arbeiderpartiet mat 35,4 Prozent vun de Stëmmen nees déi stäerkst Partei, an hie blouf weiderhi Premier.

Am September 2013 huet sech no de Parlamentswalen eng Koalitioun ouni d'Arbeiderpartiet gebilt, an d'Erna Solberg gouf Premierministesch.

Den 28. Mäerz 2014 gouf de Stoltenberg, als Nofollger vum Anders Fogh Rasmussen, zum NATO-Generalsekretär ernannt. Hien huet säin Amt den 1. Oktober 2014 ugetrueden.

Um Spaweck änneren

Commons: Jens Stoltenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "De Jens Stoltenberg bleift awer Generalsekretär vun der Nato." rtl.lu, 24.03.2022.