Opgepasst : De Contenu vun dësem Artikel ass problematesch an ensprécht net dem Prinzip vun der Neutralitéit vun der Wikipedia. Fir datt en opgrond vu Polemik net eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

De Koreakrich ass de 25. Juni 1950 ausgebrach, tëscht op där enger Säit de kommunisteschen Truppe vun Nordkorea, déi vu China an der UdSSR ënnerstëtzt goufen, an op där anerer Säit den Truppe vu Südkorea, déi vun der UNO (virun allem den USA, mä awer och Lëtzebuerg) ënnerstëtzt goufen. E gëllt als den éischte militäresche Konflikt an der Zäit vum Kale Krich. 16 Natioune sinn 1950 a Korea geschéckt ginn an nach 5 Natiounen als Service Sanitaire. Spéitstens mam Agräife vun den USA war kloer, datt et sech ëm e sougenannte Stellvertriederkrich géif handelen. Déi zwou géigneresch Forcen hunn eent op d'anert de géignereschen Territoire eruewert, mä schlussendlech louch d'Front nees onverännert op der Ausgangspositioun. D'Waffestëllstandsofkommes vum 27. Juli 1953 huet d'Deelung dunn definitiv zementéiert.

Vir am Bild e lëtzebuergeschen Zaldot, 1953 a Korea.

Geschichtlechen Hannergrond änneren

D'Virspill zum Koreakrich huet kuerz nodeem den Zweete Weltkrich säin Héichpunkt erreecht hat, ugefaangen. D'Japanescht Keeserräich dat déi am meescht gefaart Muecht an Asien an e ferventen Ënnerstëtzer vum Hitler sengem Drëtte Räich war, louch um Buedem nodeems d'Atombommen Nagasaki an Hiroshima zerstéiert haten. Wéi déi Alliéiert zesummekoume fir ze decidéiere wat mat Japan a sengen eruewerte Gebidder sollt geschéien, stoung den historesche Staat Korea och op där Lëscht.

Korea war zanter dem 19. Joerhonnert e Protektorat ënner japanescher Herrschaft a war e wichtegen Deel vun der staarker territorialer Presenz vu Japan am Pazifikraum. Grad sou wéi bei Däitschland gouf entscheet fir Korea an zwéi grouss Secteuren opzedeelen, den Norden ënner sowjetescher Opsiicht an de Süden ënner Opsiicht vun den USA.

Am Norde gouf dunn eng stalinistesch Regierung agesat mat un der Spëtz dem Kim Il-sung. De Kommunismus huet sech an alle Beräicher vun der neier Regierung breetgemaach an d'Beruffsarméi gouf mat russesche Waffen ausgerëscht. D'Sowjetunioun wollt am Pazifik e kommunistesche Schlësselstaat opbauen an Nordkorea war de perfekte Stellvertrieder fir den USA do an der Géigend de Bass ze halen.

Am Süden haten d'USA et méi schwéier fir eng Regierung zesummenzekréien. Nodeems d'Japaner verdriwwe waren hu sech verschidde Parteien a Gruppéierungen ëm d'Muecht a Südkorea zerstridden, bis d'USA schliisslech de Syngman Rhee, en iwwerzeegten Antikommunist, ënnerstëtzt hunn.

De Krich änneren

Am Fréijoer 1950 hat de Kim-Il-sung de Stalin iwwerzeegt fir eng Militärinvasioun géint de Süden z'ënnerstëtzen, fir sou Korea nees kënnen ze vereenegen. De Stalin war d'accord fir hien dobäi z'ënnerstëtzen an et sollten och chineesesch Truppen a Waffen agesat ginn. Fir a keen oppene Konflikt mat den USA ze geroden, goufe keng sowjetesch Truppen agesat.

Déi nordkoreanesch Invasioun hat de Süden souwéi d'USA a Groussbritannien komplett iwwerrascht, a war um Virmarsch op de liewenswichtegen Hafe Pusan, sou datt d'USA, Groussbritannien an Australie forcéiert ware fir Truppen ze mobiliséiere fir den Norden opzehalen. D'Vereent Natiounen hunn déi Reaktioun sanktionéiert an déi westlech Truppe koumen um Bréckekapp Pusan zesumme fir zeréckzeschloen.

Mat en ettleche wichtegen amphibesche Landungen a mat Ënnerstëtzung vun der dominanter United States Air Force gouf den Norden nees relativ séier iwwer den 38. Breedegrad zeréckgedréckt. Wéi d'UN-Truppen op d'mandschuresch Grenz marschéiert sinn, huet Peking sech bemierkbar gemaach, an deklaréiert datt et keng westlech Truppen sou no op senger Grenz géif toleréieren a wéi net direkt dorop reagéiert gouf, huet China am November 1950 seng Arméi an Nordkorea geschéckt an huet d'UN-Truppen déi net domat gerechent haten, komplett iwwerdubbert, an huet déi an d'südkoreanesch Arméi bis op Seoul zeréckgedriwwen. Am Fréijoer 1951 koumen nei amerikanesch a brittesch Truppen an d'Nordkoreaner konnten nees hannert hir Grenz gedréckt ginn. Déi Kéier goungen d'UN-Truppen net méi iwwer d'Grenz eraus, soudatt de Konflikt nach just aus Artilleriesschléi bestanen huet, déi op der Grenz ausgetosch goufen. Vun do un huet sech den 38. Breedegrad vun enger Grenzlinn mat Militärpatrullen zu engem staark mat Minnen a pickegem Drot befestegten Niemandsland entwéckelt.

Um Enn hat dee Konflikt eng ronn 2,5 Millioune Mënscheliewe kascht, Zivilpersoune mat agerechent. Nordkorea huet sech duerno ëmmer méi isoléiert an huet sech mat senger eegener kommunistescher Visioun och vun anere Muechten distanzéiert, och wann déi e kommunistesche Regime haten. Fir de Weste war de Koreakrich eng deier Entreprise ginn, déi allerdéngs e Message fir d'Sowjetunioun a fir China hat, nämlech datt keng militäresch Aggressioun géif toleréiert ginn, souguer wann dat Krich géif bedeiten.

Temoignage vun engem Lëtzebuerger Zäitzeien änneren

 
Lëtzebuerger Zaldote beim Zeitungliesen

"Ech sinn e Lëtzebuerger Veteran deen 1952-53 am Koreakrich war. R. Hartmann"

Wéi et dozou koum änneren

De Koreakrich, oh neen, sou ass en net genannt ginn, et war Police action oder Théatre d'opérations, oder Korea Conflict oder Observer mission oder Peace keeper mission, awer net Krich.

1949 waren 10.000 U.S.Marines Observers a Südkorea fir opzepassen.

De Kale Krich mat Russland mat der Mauer duerch Berlin a sou weider war ganz deier fir d'NATO-Länner. Alles gouf mam Fliger transportéiert.

US-Amerika a Westeuropa huet Russland gefaart. Däitschland war keng Defense méi.

China wollt Korea erëmhuelen. Japan hat et fir Joren, an dunn hunn d'USA et erëm besat. Kuckt emol op der Weltkaart. Wladiwostok (Russland) läit op der Grenz vun Nordkorea bei der Mandschurei.

1950 huet Nordkorea du Südkorea ugegraff, mat chineeseschen Zaldoten a russesche MIG Fliger a russeschem Armement.

D'US-Amerikaner sinn direkt agesprongen, mä si bis op de Süde vu Korea zeréckgeschloe ginn, bis viru Fusan (oder Busan oder Pusan[1]).

De vergiessene Krich änneren

Elo kënnt et vir datt et kee Krich war.

Den US-amerikanesche President Harry Truman hat Angscht fir de Krich z'erklären! Dat wier en drëtte Weltkrich ginn. Nordkorea > China > Russland a wie weess nach wéi eng Natioun? Irak > Iran > Usbekistan > Afghanistan > Polen etc.? Do sinn d'USA higaangen an hunn hir Alliéiert invitéiert fir hire Krich matzemaachen. Dee Moment war de "Krich" fir d'Opinion publique net méi géint d'USA geriicht mä géint d'ganz Welt. Sou wéi et 2000 am Afghanistan an am Irak ugefaangen huet, just do wollt kee vun Europa matmaachen ausser Groussbritannien. E puer Natioune si matgaange wéinst dem US-amerikanesche Boykott an erëm eraus.

Wat war dann elo entstanen?

22 Natioune sinn elo do dru bedeelegt: 16 Nations combattantes, 5 Aides médicales a Südkorea selwer.

An der Weltpress huet et elo net méi geheescht „d'Amerikaner hunn de Südkoreaner gehollef de Kommunismus ze verdreiwen“, mä „United Nations against the Communism“.

1. England

2. Frankräich

3. Holland

4. Belsch

5. Lëtzebuerg

6. Australien

7. Neiséiland

8. Kanada

9. Südafrika

10. Thailand

11. Philippinnen

12. Tierkei

13. Kolumbien

14. Äthiopien

15. Griicheland

16. USA (ganz hannen op der Lëscht)

Spidolshëllef: Dänemark - Indien - Italien - Norwegen - Schweden

Déi batter Zäit duerno änneren

Elo kommen déi „schéin“ Säite vum Théatre des opérations en Corée. Well d'USA de Krich net erkläert hat waren och all Natioune matschëlleg.

An du war et jo och kee Krich. Dofir waren et och keng Krichsprisonéier ginn. D'Genfer Konventioun huet net méi gezielt. Déi war geschriwwe fir de Fall datt et e Krich wier.

D'US-amerikanesch an d'Lëtzebuerger Zaldote sinn als 2. Klass Mënsche behandelt ginn. D'Leit hu gesot hal dech net mat deem op, dat ass e Koreaner. Se krute vum Public erzielt, datt se mol net am Krich waren. Se waren ausgeschloss vun de Veterane-Gruppen. Ech konnt emol net Member gi bei der Royal Canadian Legion am Kanada. Korea, dat war kee Krich, krut ech gesot.

Dunn op eemol hunn d'US-Amerikaner de Korea-Konflikt 1950-1953 als Korea-Krich unerkannt. Dunn huet op eemol alles sech geännert. Ech sinn dunn als Veteran ugekuckt ginn. Ech sinn elo Sergeant-d'armes, Parade Marshall, Parade organiser zu Laval, Supply Officer.

34 Joer hu mer musse waarde bis se eis dach eng Croix de guerre hu misse ginn. De Sergeant-Major Raymond Beringer vun der Arméi zu Dikrech hat a Korea vun der 3. Divisioun eng Silver Cross Medal kritt, a wéi all Pabeiere vu Korea, si seng net méi ze fannen. De Raymond huet misse waarde bis zwee Joer ier e gestuerwen ass fir seng Medailen ze kréien, an du krut en nëmmen eng Bronze Medal. Excuse: d'Pabeiere waren net ze fannen.

Awer de Schued war gemaach.
Robert M. G. Hartmann

Lëtzebuerger Koreakrichsaffer änneren

  • De Kaperol Roger Stutz, gebuer den 9. Mäerz 1930 zu Lëtzebuerg. Hien ass den 22. August 1952 ëmkomm, als Chauffer vun engem belsche Colonel, duerch Granatsplitteren. De Robert Stutz gouf um Kierfecht vum Rollengergronn begruewen
  • Den Serjant Robert Mores, gebuer den 9. Mäerz 1926, vu Kietscht. Hien ass de 26. August 1952 op der Front gefall, wéi hie probéiert huet Komeroden aus engem zesummegefalene Bunker ze retten. De Robert Mores gouf zu Rammerech um Kierfecht begruewen.

Fir u si z'erënnere gouf de 26. Juni 2000 vun hire Komerode vum Belsch-Lëtzebuerger Koreabatailloun eng Plack um Koreakrich-Monument zu Dongducheonan der südkoreanescher Provënz Gyeonggi ageweit.

Un d'Koreazaldote gëtt zu Lëtzebuerg um Monument vun der Gëlle Fra erënnert an op enger Plack zu Atert zesumme mat de belsche Gefalen. Op der Plack zu Atert gëtt och speziell um Lëtzebuerger Raymond Beringer seng Action d'éclat geduecht.

Literatur änneren

  • Armand Blau, Krieg im Land der Morgenstille - Der Luxemburger Einsatz in Korea; Lëtzebuerg (Sankt Paulus-Verlag), 1993; 195 Säiten (ill.).
  • (ast), 2011. Luxemburger-Einsatz im Koreakrieg wird gewürdigt. Militärhistorisches Museum aus Diekirch unterstützt Museum in Seoul. Luxemburger Wort vum 21. Oktober 2011, S. 37.
  • Lamberty, John, 2010. Im Vorfeld der Ehrung der Luxemburger Koreakämpfer heute in Diekirch - "Vor 60 Jahren in Korea..." - Jos Wagener führte das erste Luxemburger Freiwilligenkontingent im Koreakrieg an. Interview am Luxemburger Wort vum 2. Oktober 2010 (Nr. 230), S. 47.
  • Gantenbein, Michèle, 2023, Eine Reise in Luxemburgs Kriegsvergangenheit, Luxemburger Wort vum 25. Juli 2023 (Nr. 170), S. 4-5.

Filmer änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Koreakrich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. <F>, <B> a <P> huet déi selwecht Prononciatioun am Koreaneschen