Lellgen
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Uertschaft an der Gemeng Kiischpelt. Fir d'Uertschaft an der Gemeng Wëntger, kuckt wgl. Lëllgen. |
Lellgen ass eng Uertschaft an der Gemeng Kiischpelt.
Lellgen | |
---|---|
Lellgen | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Lellingen de: Lellingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Kiischpelt |
Buergermeeschter | Yves Kaiser |
Awunner | 113 |
1.07.2013 | |
Koordinaten |
49° 58’ 58’’ N 06° 00’ 46’’ O |
Geographie
ännerenOngeféier annerhallwe Kilometer nërdlech vu Lellgen, no bei Äischer, läit deen eenzege Konfluenzpunkt am Lëtzebuerger Land (50°N - 6°O). Op där Plaz ass de sougenannte Kiischpelter Sonnekrees.
Lellge läit am Dall vun der Klierf. Déi héchst Plaz beim d'Duerf ass mat 504 Meter um Pënzebierg op der Sektiounsgrenz mat Holztem. An der Uertschaft lafen d'Lellgerbaach an d'Pënscherbaach zesumme fir da ronn 100 Meter duerno an d'Klierf ze lafen. Aner Baachen um Territoire oder op der Grenz mat Lellgen sinn d'Hellbich, d'Jopich an d'Laaschterbaach.
Dofir gëtt et och am Duerf eng ronn 6 Brécken. Am beschte bekannt ass d'Hencksebréck, oder d'Duerfbréck, déi matzen am Duerf läit an iwwer d'Pënscherbaach geet. D'Hencksebréck ass 1877 gebaut ginn. Da gëtt et och nach d'Burrebréck déi iwwer d'Klierf geet. D'Burrebréck stoung schonn am Joer 1777 do.
Direkt laanscht d'Duerf leeft d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen. D'Gare Wëlwerwolz, déi knapps 1 km wäit ewech ass, gëtt am Hallefstonnentakt ugefuer.
Direkt beim Duerf läit d'Kontrollstatioun fir Stroossegefierer, déi fir den Norde vum Land zoustänneg ass.
Lellgen huet nach just ee Bauerenhaff deen aktiv ass. Et gëtt nach eng Wiertschaft zu Lellgen, de Café Lellger Stuff.
Ufangs den 80er Jore sollt zu Lellgen matzen am Duerf en Transformater fir d'Elektresch opgestallt ginn. Domat waren d'Lellger Leit awer net averstanen. No verschiddene Petitiounen a Bréiwer un d'Cegedel an de Service des sites et monuments ass op eemol de Projet vun engem village modèle opgedaucht. Nodeem an de follgende Joren d'Lellger Leit eng Rei Renovatiounen un hiren Haiser an Häff gemaach haten, d'Kanalaarbechte fäerdeg waren an d'Forstverwaltung eng 100 nei Beem an ëm déi 3000 verschidden Traisch geplanzt haten, gouf Lellgen 1985 zum Öslinger Modelldorf ernannt.
Geschicht
ännerenVirun 2006 huet Lellgen zu der Gemeng Wëlwerwolz gehéiert déi duerch d'Fusioun mat der Gemeng Kautebaach am Joer 2006 an den Numm Kiischpelt ëmgeännert gouf.
Den Ursprong vu Lellgen (Lellingen) geet op d'Zäit vun de Muselfranken zeréck, deenen hir Siidlungen dacks op –ingen geendegt hunn. Am Uertsnumm war den Numm vun enger fränkescher Persoun dran, an dësem Fall engem Lallo, an en huet awer och ausgedréckt "bei de Lellingen", dat huet geheescht bei deene Leit déi zum Lallo gehéieren, also seng ganz Famill resp. seng Aarbechter. Sou huet dann eng Persoun mat senger Sippschaft dacks en neit Duerf gegrënnt, hei eeben Lellingen. Et kann awer och sinn, datt den Uert well virdrun existéiert huet a vum réimesche Laellius ofgeleet ass. Datt et réimesch Siidlungen um Lellger Terrain goufen, beweisen d'Reschter vun enger réimescher Mauer, Aulegeschier, Daach- a Buedemzillen, déi op Bärel, engem Flouer bei Lellgen, fonnt gi sinn. 1832 gouf och um Pënzebierg bei Lellgen d'Réimersiedlung Altenhof entdeckt.
Aner Nimm fir Lellgen, déi an Dokumenter opgedaucht sinn, ware Lalanges (1469), Lellich (1568) a Lelling (1609). Aus alen Dokumenter geet och ervir, datt Lellgen zu de Grond- a Lehensherrschafte Buerschent, Wolz, Ouren (haut an der Belsch) an deelweis Uewerwampech gehéiert huet. D'Duerf ass awer ënner der Probstei Baaschtnech mat hirer Ennerofdeelung, der Meierei Houfelt, bliwwen.
Zanter der Grënnung vun der Gemeng Wëlwerwolz am Joer 1801, zu där Lellgen gehéiert huet, hu follgend Lellger Awunner d'Funktioun vum Buergermeeschter gehat: de Johann Meisch vun 1889-1918, den Nicolas Meisch vun 1925-1945 an de Joseph Eufers vun 1958-1975.
An der Mëtt vu Lellgen steet eng Kapell, op där hirem Portal den Datum 1806 steet. Den Altorraum ass e längelzege Bau an de viischten Deel huet eng aachteckeg Form. D'Kapell ass dem Hl. Péitrus gewidmet. Sou gouf och d'Lellger Kiermes, ëmmer op den Dag vun den Hellege Péiter a Paul gefeiert (29. Juni). Zanter 1882 awer gouf déi Lellger Kiermes mat deenen anere Kiermessen aus den Dierfer vun der Gemeng op den Dag vum Hellegen Donatus zesummegeluecht. An der Kapell gi reegelméisseg Masse gehalen.
1845 krut Lellgen seng éischt richteg Schoul. Dozou ass d'Kautenhaus vis-à-vis vun der Kapell ëmgebaut ginn. Bis Juli 1964 goungen déi Lellger Kanner do an d'Schoul. Duerno si si op Wëlwerwolz an déi neigebaut Schoul fir d'ganz Gemeng gaangen. D'Gebai vun där aler Lellger Schoul huet d'Gemeng kierzlech vun engem Lellger Awunner ofkaaft.
Natur
änneren1964 gouf vun de Lellinger Jonggesellen dat éischt Narzissefest organiséiert. D'Lellger Jonggeselle waren d'Männer aus dem Duerf, déi wann eng Koppel bestuet gouf, fir d'Hochzäit geschoss hunn. Well et ëmmer manner Hochzäite gouf, hu si dunn d'Blummefest organiséiert. An den 1970er Jore gouf e richtege Veräi gegrënnt, dee sech Lellger Natur- an Narzissefrënn genannt huet, zanter 1982 heesche se Lellger Naturfrënn. Op Ouschterméindeg organiséiere se nach ëmmer d'Blummefest, och nach Narzissefest genannt.
Moies an nomëttes gëtt eng Féierung a Begleedung vu Vertrieder vum Naturmusée an der Natur- a Bëschverwaltung ugebueden. Déi Féierung geet iwwer d'Via Botanica, e Léierpad deen duerch den Dall vun der Lellgerbaach geet. D'biologesch Diversitéit ass eenzegaarteg an et kann een am Fréijoer d'Narzissen (Narcissus pseudonarcissus), d'Lorblumm wéi si zu Lellgen genannt gëtt, gesinn an och nach aner botanesch Raritéiten. D'Narzisse wuesse wëll am Bësch op enger Plaz, déi de Lor genannt gëtt. Et handelt sech ëm eng autochton – also ursprénglech, net vum Mënsch agefouert – Populatioun. Si gëtt et just zu Lellgen (an op e puer anere wéinegen Nopeschplazen), wou si an de Louhecke wiisst, an engem waarmen no Südoste geriichten Hang. Zanter 1985 ass et duerch e Reglement verbueden dës Blumm ze plécken. Si steet ënner Naturschutz, wéi och den Däiwelsbaart (Pulsatilla vulgaris), déi et och nëmmen am Kiischpelt, virun allem zu Lellgen an zu Kautebaach, gëtt.
Op der Via Botanica kann ee sech op Still aus Schifer ausrouen an ënnerwee Gedichter liesen, déi an de Stee sculptéiert sinn. D'Haaptthema vun dësem Wee soll et sinn, d'Natur mat de Sënner an dem Verstand z'entdecken, d'Natur ze kucken, ze lauschteren an ze spieren.
De Lor a weider Deeler vum Bësch Bärel gouf 2017 als Naturschutzgebitt Lellgen-Fréng/op Bärel etabléiert.
An dëser Géigend gëtt et och nach zwou rar Déierenaarten: d'Bëschhong an d'Wëllkaz.
-
D'Lorblumme bei Lellgen
-
Eng Lorblumm
-
Däiwelsbaart
-
De Grousse Lor bei Lellgen
Kultur
ännerenLellgen ass bekannt wéinst sengem Konschtfestival, deen zanter 1991 all Joer op Nationalfeierdag do organiséiert gëtt. Kënschtler vun no a wäit kommen deen Dag an d'Duerf a kënnen op der Plaz e Bild molen a mat dësem bei engem Concours matmaachen. Wärend 2 Weekender ginn aus de Scheiere Billergalerie gemaach, wou Moler an Artisten ausstellen. Iwwer 100 Kënschtler sinn deen Dag selwer zu Lellgen. Stroossenanimatioun a Kannerateliere ginn ugebueden. Dëst Fest gëtt vun der Gemeng Kiischpelt an de Kiischpelter Veräiner organiséiert.
Zanter 1995 gëtt am Kiischpelt gewéinlech all Joer d'Loufest organiséiert, dat zanter en ettleche Joren um Pënzebierg bei Lellgen ass. Et huet zum Zil d'Traditioun vum Louschläissen oprecht z'erhalen. Schläisse bedeit datt d'Schuel vun den Eechebeem erofgeschielt gëtt. Da gëtt se gedréchent an déi gedréchent Schuel nennt een da Lou. D'Lou enthält als Gierfstoff den Tannin a ka gebraucht gi fir Lieder ze gierwen. D'Louschläissen ass zanter dem 18. Joerhonnert am ganzen Éislek vill praktizéiert ginn an huet fir d'Éisleker Baueren en zousätzlecht Akommes bedeit. Um Loufest zu Lellgen gëtt och nach d'Schleefe vun de Beem mat de Päerd gewisen, et gëtt geféiert Wanderungen an en ettlech Informatiounen iwwer d'Geschicht an d'Traditioun vun de Louhecken. Dat Fest gëtt mat Hëllef vum Naturmusée, der Forstverwaltung, der Akerbauschoul an de Kiischpelter Veräiner organiséiert.
Ausserdeem gëtt et am Kiischpelt een internationale Quiltfestival, bei deem an de Scheieren, der Kierch an am Café zu Lellgen ausgestallt gëtt.
Kuckeswäertes
änneren- d'Duerfbild;
- d'Kapell Lellgen, eng kleng Kapell an där nach reegelméisseg Masse gehale ginn;
- an de Bëscher an an den Hecken um Pënzebierg an am Lor fënnt een ëm Ouschteren déi seele Lorblumm (Narcissus pseudonarcissus), déi op der rouder Lëscht steet.
Kuckt och
ännerenLiteratur Kiischpelt: Lellingen
änneren- Administration Communale Wilwerwiltz, Hg., Den Tiirmchen, 1 /2000) – 12 (2005) ; 13 (2005) (Spezialedition über die Befreiung des Kiischpelt von 1944).
- Administration Communale Kiischpelt, Hg., De Kiischpelter Buet, 1 (2006) – 13 (2011).
- Blackes, Henri. "Geschichtsblatt des Kiischpelt". In Beiträge zur Geschichte des Kiischpelt eines uralten Grenzraums im Luxemburger Ösling: Georges Haentges (1884-1940) – Joseph Hurt (1892-1962) – Henri Blackes (1901-1987), Hg., Jean-Claude Muller, Poorverbandsroot Kiischpelt, 351-474. Luxemburg, 2011.
- Blackes, Henri. "Lellingen, Geschichte eines Ardennerdorfes". In Beiträge zur Geschichte des Kiischpelt eines uralten Grenzraums im Luxemburger Ösling: Georges Haentges (1884.1940) – Joseph Hurt (1892-1962) – Henri Blackes (1901-1987), Hg., Jean-Claude Muller, Poorverbandsroot Kiischpelt, 499-664. Luxemburg, 2011.
- Haentges, Georges. "Der letzte Lellinger Nagelschmied", Ardenner Zeitung (29. April 1929).
- Haentges, Georges. "Der Lohr", Ardenner Zeitung (8. April 1930).
- Haentges, Georges. "De Klautge vu Lällgen. Volleksstéck a 4 Akte mat Gesank vum G.H. Musek vum Poutty Stein", *Letzebuerg: P.Worré-Mertens, 1950, 72 [Letzeburger Theaterstécker 208].
- Meyer, Marc. "Ergebnisse einer Lepidopteren-Erfassung im Kiischpelt bei Lellingen-Wilwerwiltz", Päiperlék 12 (1990): 1-16.
- Poorverbandsroot Kiischpelt (Wilwerwiltz) a Jean-Claude Muller, Hg., Beiträge zur Geschichte des Kiischpelt, eines uralten Grenzraums im Luxemburger Oesling: Georges Haentgens (1884-1940) - Joseph Hurt (1892-1962) - Henri Blackes (1901-1987). Luxemburg, 2011.
- Schmit, Charel. "Bilder von Brücken", De Cliärrwer Kanton 20 (1998): 27-32.
- Schmit, Charel. Geblieben ist die Erinnerung: Lellingen – Holzthum – Consthum. Luxembourg, 1987.
- Zenner, Roby. "Lellingen: die Verehrung des hl. Petrus und der hl. Luzia", Letzebuerger Sonndesblad 125 (1992): 24.
Um Spaweck
ännerenCommons: Lellgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |