Lycée technique agricole
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lycée technique agricole, déi sougenannt Akerbauschoul, ass e Lycée technique zu Ettelbréck, deen e spezifeschen Ausbildungszyklus ë. a. fir Baueren, Gäertner, Landwirtschaftsmaschinemecanicienen, Ëmwelttechniker a Beruffer am Beräich Naturwëssenschaften ubitt.
D'Geschicht vun der SchoulÄnneren
1883 gouf d'Schoul zu Ettelbréck gegrënnt a war am Ufank am Gebai vun der fréierer Brauerei Schmit-Gengler, um Eck vun der Avenue Salentiny an der Avenue Kennedy.
No de Pläng vum Staatsarchitekt Paul Wigreux gouf de 4. Oktober 1929 de Grondstee vum aktuelle Gebai an der Avenue Salentiny vun der Grand-Duchesse Charlotte geluecht. De 23. Oktober 1932 gouf d'Gebai zu Ettelbréck offiziell a Presenz vun der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Felix ageweit[1].
Am November an Dezember 1944 war an der Schoul zäitweileg en US-Lazarett installéiert.
Den 29. Mäerz 2019 gouf d'Gebai als nationaalt Monument klasséiert.[2]
Neit Gebai zu GilsdrefÄnneren
2009 hunn de Bauteminister Claude Wiseler an d'Erzéiungsministesch Mady Delvaux-Stehres d'Pläng vun engem neie Gebai vun der Akerbauschoul virgestallt, dat zu Gilsdref gebaut sollt ginn.[3]
An de Joren dono sinn d'Pläng ëmmer nees hänke bliwwen, ëmgeännert oder esouguer ganz a Fro gestallt ginn. Sou waren ufanks och e Pensionat, e Laboratoire vun der Akerbauverwaltung a Büroe vun der Landwirtschaftskummer um Gilsdrefer Site virgesinn, déi dann awer op Dikrech verluecht goufen.[4][5]
De 6. Juli 2016 hunn Bauaarbechte vun der neier Schoul zu Gilsdref ugefaangen an den 10. Juli 2017 gouf de Grondstee vun de Ministere Bausch, Meisch an Etgen geluecht.
DirekterenÄnneren
- Nicolas Schroeder (1883-1901)
- Dominique Nepper (1901-1916)
- Jean-Pierre Zanen (1916)
- Auguste Hermann (1916-1940)
- Mathias Gillen (1940)
- Jean Nicolay (1945-1950)
- Antoine Jentges (1950-1961)
- Jean-Pierre Lanners (1961-1967)
- Edmond Jacqué (1967-1981)
- Norbert Feltgen (1981-2006)
- Martine Hansen (2006-2013)
- Tom Delles, (2013 - )
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Lycée technique agricole – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Ackerbauschoul um Internet
- Loi du 28 février 1883, sur la création d'une école agricole à Ettelbruck
- Loi du 12 novembre 1971, portant création d'un Institut d'enseignement agricole à Ettelbruck (an der Zwëschenzäit ofgeruff an ersat)
- Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant l'Institut d'enseignement agricole,... en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières
- 85 Jahre Ackerbauschulgebäude in Ettelbrück - Ein ehrenwertes Haus op wort.lu den 22. Oktober 2017
ReferenzenÄnneren
- ↑ Die Einweihungsfeierlichkeiten an der Ackerbauschule in Ettelbrück am Luxemburger Wort vum 24. Oktober 1932, S.1 (Link)
- ↑ Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 11. Februar 2021).
- ↑ "Présentation du nouveau Lycée Technique Agricole à Gilsdorf. mtp.public.lu, 12-05-2009.
- ↑ "Gilsdorf: LTA-Neubau ab Frühjahr?" wort.lu, 27. August 2015, 16:45.
- ↑ Frédéric Antzorn: "Lycée technique agricole: Gilsdorf confirmé." paperjam.lu, 17 juillet 2014, 17:24.