Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Däiwelsbaart (Pulsatilla vulgaris), och Hunneblumm, Kouschell, Ouschterblumm oder Maanskraut genannt,[1] ass eng Pflanzenaart an der Famill vun de Ranunculaceae. En ass a West- a Mëtteleuropa verbreet, wou e virun allem a Mëttelgebierger virkënnt.
Den Numm "Däiwelsbaart" geet op dee seidege "Buuscht" zeréck, wann d'Planz verblitt ass. De Prefix Däiwel- léisst drop schléissen, datt de Leit déi Planz (déi gëfteg ass) net geheier war. "Kouschell" kënnt vun der Form vun der hallefzouener Bléi hier. Och de Gattungsnumm Pulsatilla ass vum laténgesche Wuert pulsare fir "lauden, schloen" ofgeleet.