Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Päerd gehéieren zu der Uerdnung vun de Perissodactyla. Si ëmfaassen nëmmen eng Gattung, d'Equus.

Päerd
E Päerd

E Päerd
E Päerd
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Iwweruerdnung: Laurasiatheria
Uerdnung: Perissodactyla
Famill: Päerd
Wëssenschaftlechen Numm
Equidae
Aarten

Przewalski-Päerd
Hauspäerd
Afrikaneschen Iesel
Asiateschen Iesel
Steppenzeebra
Biergzeebra
Grevyzeebra

Zu der Famill an der Gattung vum Päerd gehéieren Déiere wéi Ieselen, Zeebraen an d'Hauspäerd.

Evolutioun änneren

De Päerd hir Evolutioun ass duerch Fossilie ganz gutt beluecht. D'Urpäerd Hyracotherium hat un de viischte Bee véier an un den hënneschte Been dräi Zéiwen. Dat Déier war sou grouss wéi en Hond an huet virun 55 Millioune Joer gelieft.

Kierperbau änneren

D'Päerd sinn un d'séiert Lafe gewinnt an hu sech u Planzekascht ugepasst. Si hunn e laange Kapp an Aen, déi op der Säit leien, mat deene si beim Grasen alles kënne ronderëm gesinn. Si hunn e muskulöse Kierper mat engem laangen Hals. Hir schlank Been hu just eng Zéif, déi en Houf huet. Si hunn ausserdeem grouss Zänn.

Gangaarte vum Päerd änneren

 
Rennpäerd am Galopp. Animéiert Sequenz vu Fotoe vum Eadweard Muybridge, 1887 zu Philadelphia publizéiert.

Bezeechnungen änneren

  • Männlecht Päerd: Hengscht
  • Weiblecht Päerd: Mier
  • Jongt Päerd: Fillen
  • Päerd vun 1 Joer: Jäerling
  • Geluechten Hengscht: Minnech

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Päerd – Biller, Videoen oder Audiodateien