D'Cegedel S.A. war eng lëtzebuergesch Entreprise, déi zu Lëtzebuerg elektresche Stroum verdeelt. Se gouf de 27. Mäerz 1928 als Compagnie grand-ducale d'électricité du Luxembourg gegrënnt. Zanter dem 17. Mäerz 1997 war den Akronym "Cegedel" den offiziellen Numm. 2009 huet si mat der Soteg a Saar Ferngas fusionéiert, déi nei Firma heescht ewell Enovos.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Enovos.

Geschicht änneren

D'Cegedel huet am Kader vun enger Konventioun mam Lëtzebuerger Staat geschafft, déi am Joer 1928 duerch e Gesetz legaliséiert gouf.

Dem Lëtzebuerger Staat hunn een Drëttel vun den Aktie vun der Cegedel gehéiert; domat ass en dee gréissten Aktionär vun der Gesellschaft.

D'Cegedel war op der Bourse vu Lëtzebuerg notéiert.

D'Cegedel hat hire Sëtz zu Stroossen. Si beliwwert ronn 70 % vum lëtzebuergesche Stroummarché.

Den 3. Juli 2008 gouf bekannt gemaach, datt d'Cegedel mat Soteg a Saar Ferngas fusionéiere wéilt.

Bei där neier Gesellschaft soll de Lëtzebuerger Staat mat 25,44 Prozent Haaptaktionär sinn. 23,48 Prozent sollen der Ardian gehéieren, 18,36 Prozent der RWE, 10,1 Prozent der SNCI, 10 Prozent der E.ON, 8 Prozent der Gemeng Lëtzebuerg a 4,71 Prozent der GDF Suez.[1]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Enovos.

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2014-04-23. Gekuckt de(n) 2014-03-05.