Kiermes
Eng Kiermes ass e Volleksfest dat meeschtens zu enger bestëmmter Zäit am Joer ofgehale gëtt, a meeschtens op den Dag zeréckgeet op deem eng Kierch geweit gouf respektiv de Patréiner vun där Kierch säi Fest huet. Heiansdo si Kiermesse mat engem Joermaart verbonnen.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4a/Kiermesvunuewen.jpg/400px-Kiermesvunuewen.jpg)
Typesch fir d'Kiermesse sinn hautdesdaags Attraktioune wéi Schéissbuden, Knuppautoen a Karuseller, bei grousse Kiermesse gesäit een och dacks e Riserad, Achter- a Geeschterbunnen. Ausserdeem gëtt et op Kiermessen ëmmer Gefréissstänn, wou ee Fritten, Thüringer, Gromperekichelcher, gebakene Fësch an och Séissegkeete wéi Eisekuchen, Glacen, Pomme-d'Amouren, Barbe-à-Papaen, Popcorn, Nougat, gebrannte Mandelen, Lutschen asw. ze kafe kritt.
Déi gréisst Kiermes zu Lëtzebuerg ass d'Schueberfouer.
A verschiddenen Uertschaften zu Lëtzebuerg gëtt et eng grouss Kiermes an eng kleng Kiermes.
Um Spaweck
ännerenCommons: Kiermessen – Biller, Videoen oder Audiodateien |