Lëtzebuerger Filmpräis 2018

D'Präisser vun der 8. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis goufen den 22. September 2018 am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg verdeelt.

Gutland vum Govinda Van Maele krut zwee 2018 gläich zwee Päisser

Präiszeremonie änneren

Animéiert gouf d'Zeremonie vum Schrëftsteller Guy Helminger, dem amerikanesche Schauspiller Isaac Bush an der lëtzebuergesch-islännesch Schauspillerin Elisabet Johannesdottir.[1]

Et gouf dës Kéier fir d'éischt dräi nei Kategorien: déi vum beschte Schauspiller oder der beschter Schauspillerin; déi vun der beschter Produktioun fir d'Televisioun oder déi nei Medien; an déi vun der beschter kreativer Kontributioun bei engem Animatiounsfilm.[2]

47 Filmer waren an der Kompetitioun, dovun 10 Kuerzfilmer, 10 Spillfim-Koproduktiounen, 7 Lëtzebuerger Spillfilmer, 10 Dokumentarfilmer, dräi Animatiounssspillfilmer a 7 Fernseeproduktiounen.[3]

De Präisdréier als beschte Lëtzebuerger Spillfilm war dem Govinda Van Maele säi Gutland, deen d'Geschicht vun engem jonken Däitschen erzielt, deen an e klengt lëtzebuergescht Duerft flücht. D'Vicky Krieps krut fir hir Roll am selwechte Film de Präis fir déi bescht schauspilleresch Leeschtung. Si krut schonn 2012 de "Prix du jeune espoir".

Wal änneren

Just d'Filmproduzente konnte bis den 30. Abrëll 2018 Kandidature fir Filmer a Persounen areechen. Fir all agereechte Film hu si mussen 100 Euro (fir Kuerzfilmer), 250 Euro (fir Documentairen) oder 500 Euro (fir Spillfilmer) bezuelen.[4]

An all Kategorie goufen et minimum 3 a maximum 10 Nominéierungen. Wann an enger Kategorie méi wéi 10 Filmer oder Persoune fir eng Nominéierung eligibel waren, huet de Verwaltungsrot vun der Filmakademie eng Preselektioun gemaach fir d'Nominéierungen op 10 ze limitéieren.[4]

Gewielt gouf online a geheim duerch d'Membere vun der Filmakademie. Si hunn net an all Kategorie musse wielen.[4]

Präisdréier an Nominéierungen änneren

De Gewënner an all Kategorie ass fett ervirgehuewen.[5][6]

Beschte Fiktiouns- oder Animatiounssspillfilm (laang) änneren

Bescht Fiktiouns-Koproduktioun (laang) änneren

Bescht Animatiouns-Koproduktioun (laang) änneren

Beschten Dokumentarfilm änneren

Beschte Kuerzfilm änneren

 
Fils gouf als beschte Kuerzfilm präisgekréint

Bescht Produktioun fir Televisioun oder nei Medien änneren

Bescht kënschtleresch Kontributioun an engem Fiktiounslaangfilm änneren

Bescht kënschtleresch Kontributioun an engem Animatiounslaangfilm änneren

Bescht Schauspillerin/beschte Schauspiller änneren

Referenzen änneren

  1. rtl.lu: "Gutland" vum Govinda Van Maele beschte Film. (23. September 2018)
  2. rtl.lu: 3 nei Kategorie beim Lëtzebuerger Filmpräis: Wien ass nominéiert fir bescht Lëtzebuerger Actrice oder Acteur? (20. Juni 2018)
  3. paperjam.lu: 47 films en lice pour le Lëtzebuerger Filmpräis (20. Juni 2018)
  4. 4,0 4,1 4,2 Lëtzebuerger Filmpräis: Réglementation 2018
  5. chronicle.lu: Nominations Announced for Lëtzebuerger Filmpräis 2018 (20. Juni 2018)
  6. De Filmpräis 2018 mt Nominéierten a Gewënner um Site vum Lëtzebuerger Filmfong