Rui Eduardo Abreu

lëtzebuergesch-portugisesche Filmregisseur

De Rui Eduardo Abreu, gebuer 1981 a Portugal, ass e Filmregisseur.[1]

Rui Eduardo Abreu
Gebuer 1981
Portugal
Nationalitéit Lëtzebuerg, Portugal
Aktivitéit Filmregisseur

No engem Studium an der Anthropologie huet hien zu Lussas op der Filmschoul e Master am Dokumentarfilm ofgeschloss. Dono huet hien e puer Joer zu Paräis geschafft, wou hie Video-Kreatioune fir den Theater realiséiert, a Coursen am Fach Éducation à l'image ginn huet.

Hien huet zesumme mam Thierry Besseling an dem Loïc Tanson den Dokumentar-Laangfilm Eldorado realiséiert. Fir d'Doku-Serie routwäissgro huet hie bis ewell (Jan. 2020) sechs Episode gedréint.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche op rtl.lu.