Narayan Van Maele

Kameramann

Den Narayan Van Maele, gebuer 1986 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Fotograf a Cinematograph. Hie lieft an Irland.[1]

Narayan Van Maele
Gebuer 1986
Lëtzebuerg
Aktivitéit Kameramann, Fotograf
Famill
Papp Francis Van Maele
Geschwëster Govinda Van Maele

Liewen änneren

Den Narayan Van Maele ass de Jong vun engem belsche Papp, dem Francis Van Maele, an enger Mamm aus dem Sri Lanka. Mat sengem eelere Brudder, dem Regisseur Govinda Van Maele, ass hien an engem klengem Duerf am Guttland opgewuess. Hien ass am Alter vu 16 Joer an Irland gaangen, wou hien op der National Film School zu Dublin "Cinematography" (Kamera) studéiert huet. 2009 krut hien do säin Ofschloss.

Duerno huet hien an Irland an am Ausland als Fotograf an der Publicitéitsbranche geschafft a Museksvideoen, Kuerzfilmer an Documentaire gefilmt. Donieft war den Narayan Van Maele fir d'Kamera a ville Wierker vu sengem Brudder Govinda zoustänneg, dorënner dem Spillfilm Gutland (2018).

2014 huet hien och selwer beim iresche Kuerzfilm Seventh Son Regie gefouert.

Den Narayan Van Maele war bei der Filmcrew, déi de lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn begleet huet, fir dem Pasha Rafiy säin Documentaire Foreign Affairs (2016) ze filmen.

An der Dokuserie routwäissgro huet hien d'Episoden Wou deet et wéi? (2016) an De gliesene Mann (2020) gefilmt.

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. filmayo.ie: Mayo Cinematographer shot Gutland, which will screen in 30th Galway Film Fleadh (5. Juli 2018)