Hana Sofia Lopes
D'Hana Sofia Lopes, gebuer an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch a portugisesch Schauspillerin.
Hana Sofia Lopes | |
---|---|
Gebuer | Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Portugal |
Educatioun |
Conservatoire national supérieur d'art dramatique, Escola Superior de Teatro e Cinema, Athénée de Luxembourg, Real Escuela Superior de Arte Dramático |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
Karriär
ännerenNo hirer Première am Stater Kolléisch huet d'Hana Sofia Lopes Schauspillerei op der Theaterschoul vu Lissabon an zu Paräis am Conservatoire national supérieur d'art dramatique studéiert. Am Kader vum Erasmus-Programm huet si 2013 zwee Semesteren zu Madrid op der Real Escuela Superior de Arte Dramatico studéiert.
Zanter hirem Ofschloss vun der Theaterschoul vu Lissabon ass si an Film-, Televisioun- an Theaterproduktiounen zu Lëtzebuerg awer och international a Portugal, Frankräich, Däitschland oder Spuenien ze gesinn. Si huet zanter 2014 an enger Dosen Televisiounsserië matgespillt. Ënner anerem wéinst hirer Roll an der portugisescher Telenovela Coração d'Ouro (2015-2016), déi all Owend vun 1,8 Milliounen Zuschauer[1] a Portugal gesi gouf, ass si a Portugal bekannt gin.
Si spillt d'weiblech Haaptroll am Film Toy Gun un der Säit vum John Hannah, Julian Sands a Luke Allen-Gale dee vum Marco Serafini realiseiert gouf.
2020, gëtt d'Hana Sofia vum franséische Regisseur Michel Didym erausgesicht fir a senger Inszeneierung vun Habiter le temps, vum schweedeschen Dramaturg Rasmus Lindberg, matzespillen. Et spillen och d'Irène Jacob, de Jérôme Kircher oder nach den Eric Berger mat. D'Première vum Stéck war de 15. Dezember 2020 am Centre Dramatique National,Théâtre de la Manufacture de Nancy. Dono follegt iwwer eng Period vun 2 Joer eng Tournée a Frankräich, Schwäiz, Lëtzebuerg an an der Belsch. D'Stéck gouf de 14. a 15. Februar 2021 am Studio vum groussen Theater presenteiert.
D'Hana Sofia Lopes schwätzt fléissend Franséisch, Däitsch, Portugisesch, Lëtzebuergesch, Englesch, Spuenesch an Italieenesch.
Filmographie
änneren- 2010: My Eyes have Seen You (Kuerzfilm) vum Miguel Leao: Greta
- 2012: D'Simpsons (lëtzebuergesch Versioun): Lindsey Naegle (Stëmm. 1 Episod)
- 2012: Weemseesdet (TV): Carla (5 Episoden)
- 2012-2013: Comeback (TV): Samantha (12 Episoden)
- 2013-2014: Os Filhos do Rock (TV): Carla (2 Épisodes)
- 2013: Someday (Kuerzfilm) vum Vito Labalestra: Alicia
- 2014: Amour fou vum Jessica Hausner: la sœur aînée
- 2015: Ouni Mooss (Kuerzfilm) vum Adolf El Assal: Alice
- 2015: Mar Salgado (TV): Camila Real (17 Episoden)
- 2015-2016: Coração d'Ouro (TV): Adriana Noronha (300 Episoden)
- 2016: Les Survivants vum Luc Jabon: Lena
- 2016: Kropemann vum Patrick Ernzer
- 2017: Bad Banks (TV): Lola (1 Episod)
- 2017: Ministério do tempo (TV): Isabel vu Portugal (1 Episod)
- 2018: Zëmmer ze verlounen (TV): Sophie Welter (12 Episoden)
- 2019: Toy Gun vum Marco Serafini: Giulia Redondini
- 2019: Sexual Healing vum Julien Temple: Ivy Keaton
- 2019: Escapada vum Sarah Hirtt: Lola
- 2019: Gute Zeiten, Schlechte Zeiten (TV): Amalia Alvarez (3 Episoden)
- 2020: Dreamland vum Bruce McDonald: Colero
- 2022: L'arrivée de la jeunesse vum Marcello Merletto a Fabio Bottani: Nilde
- 2022: Capitani 2 (TV) vum Christophe Wagner: Maria
- 2022: Melusina vum Whitney Fortmüller: Melusina
- 2023: E.A.F. vum Lucie Wahl: Mic
- 2023: Personality vum Lukas Grevis
- 2023: La bête qui sommeille en nous vum Jonathan Becker: Violette
- 2024: Kanaval vum Henri Pardo: Justine
Theater
änneren- 2010: Três Irmas vum Anton Tschechow, inzenéiert vum Pedro Matos
- 2010: Les Phéniciennes vum Seneca, inzenéiert vun der Maria João Vicente
- 2011: Auto da Barca do Inferno vum Gil Vicente, inzenéiert vum Álvaro Correia
- 2011: Was ihr wollt vum William Shakespeare, inzenéiert vum Francisco Salgado
- 2011: Peanuts vum Fausto Paravidino, inzenéiert vum Jill Christophe
- 2012: Ce formidable bordel ! vum Eugène Ionesco, inzenéiert vum Jesus Salgado
- 2012: Por el torno y el sótano vum Tirso de Molina, inzenéiert vum Jesus Salgado
- 2014: Légendes de la forêt viennoise vum Ödön von Horváth, inzenéiert vun der Sandy Ouvrier
- 2014: Le Mariage de Figaro vum Beaumarchais inzenéiert vun der Sandy Ouvrier
- 2017: Les Sorcières de Salem vum Arthur Miller, inzenéiert vum Douglas Rintoul
- 2018: Intranquillité vum Fernando Pessoa, inzenéiert vun der Rita Reis
- 2019: Dealing with Clair vum Martin Crimp, inzenéiert vun der Anne Simon
- 2020-2022: Hedda Gabler vum Henrik Ibsen, inzenéiert vun der Marja-Leena Junker
- 2020- 2022: Habiter le temps vum Rasmus Lindberg, inzenéiert vum Michel Didym
- 2021: O começo perdido vum Pedro Martins Beja, inzenéiert vum Pedro Beja
- 2022: Medea vum Euripides, inzenéiert vum Rafael Kohn
- 2023-2024: A menina do mar vum Sophia de Mello Breyner inzenéiert vum Rita Reis
- 2023-2024: Café Terminus vum Eugene O’Neil inzenéiert vum Frank Hoffmann
Éierungen
änneren- Lëtzebuerger Filmpräis 2018: Bescht Schauspillerin - Nominatioun fir d'Roll vum « Giulia Redondini » am Film Toy Gun
Um Spaweck
ännerenCommons: Hana Sofia Lopes – Biller, Videoen oder Audiodateien |