Justice Dot Net

Film vum Pol Cruchten

Justice Dot Net ass e lëtzebuergesch-kanadesch-iresche Spillfilm an Thriller vum Pol Cruchten. En hat seng Première den 13. Juni 2018 zu Lëtzebuerg.

Justice Dot Net
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Kanada
Irland
Première 13. Juni 2018
Dauer 86 min
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Pol Cruchten
Dréibuch Thom Richardson
Fotografie Jerzy Palacz
Musek Gast Waltzing
Schnëtt Jean-Luc Simon
Produzent Nicolas Steil, Lyse Lafontaine & François Tremblay, Jacqueline Kerrin & Dominic Wright
Produktiouns-
gesellschaft
Iris Productions, Lyla Films, Ripple World Pictures
Schauspiller
Martin McCann
Pascale Bussières
Astrid Roos
Désirée Nosbusch
Philippe Duclos
Yves Jacques
Mai Duong Kieu
Sean Gleeson
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En ass och ënnert dem Titel Dark Justice bekannt.

Ëm wat geet et am Film? änneren

Véier aflossräich Persounen treffe sech heemlech an engem Schlass: De Jean Dubois (Yves Jacques), Chef vun enger Pëtrolsfirma, den Entreprener Alain Jarnac (Philippe Duclos), d'Ëmweltministesch Priscila Spencer-Kraft (Désirée Nosbusch) an déi geheimnisvoll Asiatin Ning Tang (Mai Duong Kieu). Op eemol gi se vun engem Kommando, dee vum Jake De Long (Martin McCann) dirigéiert gëtt, als Geisele geholl. Iwwer eng Websäit soll d'Ëffentlechkeet kënnen iwwer d'Dote vun deene Véier riichten...

Produktioun änneren

D'Produktiounsgesellschaft Iris Productions krut am September 2016 e Subside an Héicht vun 2,76 Milliounen Euro accordéiert, fir de Film ze produzéieren.[1] Schonn am Dezember 2014 hat se 30.000 Euro krut fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions septembre 2016
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions décembre 2014