Elisabet Johannesdottir
D'Elisabet Johannesdottir, gebuer den 3. Mäerz 1986 zu Lëtzebuerg, ass eng islännesch Film- an Theaterschauspillerin, déi haaptsächlech zu Lëtzebuerg schafft.[1],[2]
Elisabet Johannesdottir | |
---|---|
Gebuer |
3 Mäerz 1986 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Island |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller |
![]() |
Liewen a Karriär
ännerenD'Elisabet Johannesdottir ass d'Meedche vun engem islännesche Pilot vun der Icelandair an enger islännescher Hausfra, an ass op der Musel opgewuess.[3] Si huet Schauspillerei op der Filmakademie zu New York studéiert. Spéider huet si dat selwecht Fach och nach a weidere Coursen zu Los Angeles geléiert.
Film
ännerenHire Spillfilmdebut hat si, no e puer Rollen a Kuerzfilmer, als Mrs. Pearce an der lëtzebuergescher Koproduktioun Hysteria (2011). Duerno hat se kleng Rollen a Filmer wéi La Belle du Seigneur (2012), Doudege Wenkel (2012), Justice Dot Net (2018), The Beast in the Jungle (2019) a Sawah (2019).
2020 huet si a véier Episoden d'Roll vun der Lilou Guérin an der zweeter Staffel vun der däitsch-lëtzebuergescher Dramaserie Bad Banks gespillt. Am selwechte Joer war si am Mystery-Thriller Marionette vum hollännesche Regisseur Elbert van Strien ze gesinn, an d'Joer drop hat si eng Haaptroll am Film Une histoire provisoire vum Schwäizer Regisseur Romed Wyder. Och am Kuerzfilm And He Said Yes! (2022) vun der Gintare Parulyte huet si eng Haaptroll gespillt, éier si 2023 an der lëtzebuergeschsproocheger Produktioun Little Duke (2023) vum Andy Bausch ze gesi war.
Theater
ännerenZu Lëtzebuerg stoung si 2011 fir d'éischt als Theaterschauspillerin an enger Produktioun am Kapuzinertheater vum Patrick Marber sengem Stéck Closer, dirigéiert vum Douglas Rintoul, op de Bün.[4] Och zu Los Angeles huet si 2012 an 2014 an e puer Stécker matgespillt.[1] Duerno huet si an enger zäitgenëssescher Adaptatioun vum William Shakespeare sengem As You Like It matgespillt, nees ënner dem Rintoul senger Regie. Dat Stéck ass 2013 a Groussbritannien op Tournée gaangen.[5] 2015 huet si d'Dottie am Stéck Killer Joe vum Tracy Letts (Auteur) an Anne Simon (Regie) gespillt[6]
2016 huet si an de Stécker Electrical Things Happened Between People vum Tennessee Williams am TNL, Illusions vum Iwan Wyrypajew am Théâtre du Centaure, a Möglicherweise gab es einen Zwischenfall vum Chris Thorpe am Kasemattentheater gespillt.[7],[8],[9]
Och an de Joren duerno stoung si dacks op der Bün, dorënner 2017 am Rumpelstilzchen vum Ian de Toffoli (Auteur) a Myriam Muller (Regie) am Groussen Theater vun der Stad Lëtzbuerg an am Hermann Hesse sengem Steppenwolf (Regie: Anna E. Frick) am Theater Trier; 2018 am Larisa Faber hirem Disko Dementia (Regie: Linda Bonvini) mat Maskénada; an 2019 am Ian de Toffoli sengem 3 Schwestern (Regie: Daliah Kentges) am Kasemattentheater, am Aaron Posner sengem Stupid Fucking Bird (Regie: Anne Simon) am Kapuzinertheater. Am selwechte Joer ass si mat der Staatstheater-Freiburg-Produktioun Der Sandmann vum E. T. A. Hoffmann ënner der Regie vum Stef Lernous op Tournée an Däitschland, an der Belsch an an Holland gaangen.[1]
Hiert éischt selwer geschriwwent an autobiografescht Stéck Dem Eli seng zwou Këschten, iwwer hir Réckverbannung mat Island an der Sich no enger eegener Plaz an der Welt, gouf 2016 opgefouert.[3],[10] 2018 huet si am Kader vum Festival TalentLab mat dem engleschsproochegen Emerald & Olive hiren Debut als Theateregisseurin gefeiert.[11],[12]
Aneres
ännerenZesumme mam amerikanesche Schauspiller Isaac Bush a mam Schrëftsteller Guy Helminger huet si de Gala vum Lëtzebuerger Filmpräis 2018 moderéiert.[13] Am selwechte Joer war si och an enger Episod als Cordula an der Sitcom Zëmmer ze verlounen ze gesinn, an an enger Episod vun der däitscher Serie Rosamunde Pilcher.
Filmographie (Auswiel)
ännerenFilm
änneren- 2009: Women on Death Row 4 (Kuerzfilm)
- 2009: The Bar (Kuerzfilm)
- 2011: Hysteria
- 2012: Doudege Wenkel
- 2012: Belle du Seigneur
- 2018: Justice Dot Net
- 2019: Sawah
- 2019: The Beast in the Jungle
- 2020: Marionette
- 2022: Une histoire provisoire
- 2022: And He Said Yes! (Kuerzfilm)
- 2023: Little Duke
Serien
änneren- 2018: Zëmmer ze verlounen (1 Episod)
- 2018: Rosamunde Pilcher (1 Episod: Das Geheimnis der Blumeninsel)
- 2020: Bad Banks (4 Episoden)
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 Fiche op actos.lu (gekuckt den 18. Juli 2024)
- ↑ gouvernement.lu: Présentateurs 8ème edition Lëtzebuerger Filmpräis (6. Juni 2018)
- ↑ 3,0 3,1 land.lu: Maybe it’s okay to have dreams vum Josée Hansen (24. Juni 2016)
- ↑ land.lu: Love, love, love vum Jeanine Goedert (12. Mee 2011)
- ↑ luxtimes: As You Like It - director interview vum Erik Abbott (26. September 2013)
- ↑ paperjam.lu: Killer Joe vum France Clarinval (9. Januar 2015)
- ↑ delano.lu: Electrical things happened between people... and staircases vum Wendy Winn (12. Januar 2016)
- ↑ kasemattentheater.lu: Möglicherweise gab es einen Zwischenfall (net datéiert)
- ↑ theatrecentaure.lu: Illusions (net datéiert)
- ↑ luxtimes.lu: English language drama at Luxembourg's solo theatre festival (30. Mee 2016)
- ↑ land.lu: Notre besoin de consolation est impossible à rassasier vum Josée Hansen (8. Juni 2018)
- ↑ delano.lu: Theatre: discovering a new talent vum Magaly Piscarel (23. Mee 2018)
- ↑ rtl.lu: Wien ass nominéiert fir bescht Lëtzebuerger Actrice oder Acteur? (20. Juni 2018)