De Kollektiv 13 ass eng Grupp vun 13 Filmregisseuren, déi zesummen de Projet vun der dokumentarescher Televisiounsserie routwäissgro entwéckelt hunn, an och eenzel Episode selwer dréien.

Et sinn dat: de Rui Eduardo Abreu, den Tom Alesch, den Thierry Besseling, den Eric Lamhène, de Jacques Molitor, d'Anne Schiltz, d'Kim Schneider, d'Laura Schroeder, de Jean-Louis Schuller, de Loïc Tanson, de Michel Tereba, de Yann Tonnar an de Govinda Van Maele.[1]

Referenzen änneren

  1. Post vum 22. Februar 2015, 4:29 PM um Profil vu "routwäissgro"] op facebook.com.