Jeannot Sanavia
De Jeannot Sanavia, gebuer den 19. August 1962 zu Esch-Uelzecht,[1] ass e lëtzebuergesche Komponist a Kontrabassist, deen d'Filmusek vu ville lëtzebuergeschen an internationale Filmer komponéiert huet.
Jeannot Sanavia | |
---|---|
Gebuer |
19. August 1962 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
Karriär
ännerenDe Jeannot Sanavia huet Musek um Escher Conservatoire, um Conservatoire royal zu Bréissel an um Conservatoire zu Maastricht geléiert. Als Museker huet de Jeannot Sanavia fir d'éischt mam Saxophon ugefaangen, an duerno mat der Kontrabass an dem Komponéieren.
Zënter 1987 komponéiert hi Musek fir Ensembelen a fir Filmer.
Hie schafft als Enseignant am Conservatoire vum Norden zu Ettelbréck.
Fir seng Musek fir de Film Nuits d'Arabie gouf hien 2007 bei der 3. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis mam Präis fir déi bescht Filmmusek vun der Sacem ausgezeechent.
Filmographie
änneren- 1986: Le jeu de l'autostop, vum Jani Thiltges
- 1989: Terre rouge, Documentaire vum Jani Thiltges
- 1991: Le pont rouge, Documentaire vun der Geneviève Mersch
- 1993: 5 Liewen, vum Jean Kaiser
- 1995: Sentimental Journey, Documentaire vun der Geneviève Mersch
- 1995: Edward J. Steichen, Documentaire vum Claude Waringo
- 1996: Iwwer an eriwwer, Documentaire vun der Geneviève Mersch
- 1998: Max & Bobo, Spillfilm vum Frédéric Fonteyne
- 1998: Stol, Documentaire vum Claude Lahr
- 1999: Philippe Schneider, de Mann mat der Kamera, Documentaire vum Tom Alesch
- 1999: Une liaison pornographique, Spillfilm vum Frédéric Fonteyne
- 2001: Ech war am Congo, Documentaire vum Paul Kieffer a Marc Thiel
- 2007: Nuits d'Arabie, Spillfilm vum Paul Kieffer
- 2007: Plein d'essence, Documentaire vun der Geneviève Mersch
- 2008: Bride Flight, Spillfilm vum Ben Sombogaart
- 2011: Tabu - Es ist die Seele ein Fremdes auf Erden, Spillfilm vum Christoph Stark
- 2011: Isabelle, Spillfilm vum Ben Sombogaart
- 2012: D'Symmetrie vum Päiperlek, Spillfilm vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer
- 2012: Sous le figuier, Spillfilm vun der Anne-Marie Etienne
- 2013: Post partum, Spillfim vun der Delphine Noels
- 2013: Let Me Survive, Spillfilm vum Eduardo Rossoff
- 2016: Les survivants, Spillfilm vum Luc Jabon
- 2017: Rusty Boys, Spillfilm vum Andy Bausch
- 2018: Histoire(s) de femme(s), Documentaire vum Anne Schroeder
- 2019: The Beast in the Jungle, Spillfilm vun der Clara van Gool
- 2019: Lost in the 80s, Documentaire vum Andy Bausch
Websäit
änneren- jeannot-sanavia.lu (Offiziell Websäit)
Referenzen
änneren- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 378