Eldorado ass e lëtzebuergeschen Documentaire aus dem Joer 2016 vum Rui Abreu, Thierry Besseling a Loïc Tanson.

Eldorado
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 26. Februar 2016
Dauer 83 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Portugisesch
Lëtzebuergesch
Franséisch
Ekipp
Regie Rui Abreu
Thierry Besseling
Loïc Tanson
Dréibuch Rui Abreu
Thierry Besseling
Loïc Tanson
Fotografie Rui Abreu
Thierry Besseling
Loïc Tanson
Musek Emmanuel d'Orlando
Schnëtt Rui Eduardo Abreu,
Loïc Tanson
Produzent Anne Schroeder
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat seng Première de 26. Februar 2016 um Luxembourg City Film Festival a koum de 16. Mäerz 2016 zu Lëtzebuerg an de Kino.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film weist, iwwer 3 Joer, d'Hoffnungen an d'Desillusioune vun dräi Portugisen an engem Kapverdianer, déi op Lëtzebuerg ausgewandert sinn, fir do en neit Liewen unzefänken, wat awer net esou einfach an deem vermeintlechen Eldorado ass, wéi een dat hätt kënne mengen....

De Film suivéiert iwwer eng Period vun dräi Joer de Fernando, e Mann am Mëttleren Alter op der Sich no Aarbecht, de Carlos, deen duerch d'Justiz verurteelt gouf an um Wee fir an d'Rehabilitatioun ass, de Jonathan, e Jugendleche mat Schoulproblemer an op der Sich no enger berufflecher Identitéit, an d'Isabel, déi vun hirer schwiereger Vergaangenheet heemgesicht gëtt.

Gielercher änneren

Um Filmfestival vu Coimbra (Caminhos do Cinema Português) krut de Film 2016 de Präis vum Beschten Documentaire, de Präis vun der Press an "Präis Don Quijote".

Eldorado war och an der Kategorie "Beschte Laangfilm-Documentaire" bei de fënnefter Editioun vun den Trophées francophones du cinéma nominéiert, déi am Dezember 2007 zu Yaoundé am Kamerun organiséiert goufen.[1]

Donieft gouf de Film um Internationalen Documentairefilmfestival vun Taiwan gewisen.[2]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. paperjam.lu: «Foreign Affairs» et «Eldorado» aux Trophées francophones (29. November 2017)
  2. De Film um Site vum Taiwan International Documentary Film Festival