Pasha Rafiy

lëtzebuergesche Fotograf

De Pasha Rafiy, gebuer 1980 zu Teheran am Iran, ass e lëtzebuergesche[1] Fotojournalist a Regisseur. Hie lieft zu Wien.

Pasha Rafiy
Gebuer 1980
Teheran
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Filmregisseur, Fotograf

Liewen a Karriär änneren

De Pasha Rafiy ass 1985 am Alter vu fënnef Joer mat senger Famill aus dem Iran op Lëtzebuerg geplënnert. 2001 ass hie fir de Studium op Wien gaangen, wou hien zënterhier lieft. Hie schafft zënter 2008 als Chef vun der Fotoredaktioun fir déi éisträichesch Dageszeitung Die Presse.

2007 huet hie fir eng éischt Opmierksamkeet mat der Foto "Selbstportrait mit Pasha Rafiy" gesuergt, déi am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 2007 entstanen ass. Si ass e Fotoselbstportrait vum Pasha Rafiy, deen entspaant mat enger Zigarette op enger Fotell nieft dem ugespaante Jean-Claude Juncker sëtzt.[2] E Joer méi spéit gouf seng Fotoserie "NYC Ghost I-X" am Mudam ausgestallt a spéider och vum Musée opkaaft. Si besteet aus 10 Fotoen, déi de Rafiy dat Joer an de Stroosse vun New York gemaach huet.[3]

2009 war hien ee vu 4 Lëtzebuerger Kënschtler, déi fir de Prix d'art Robert-Schuman nominéiert waren.[4]

Säin éischte Film, den Documentaire Foreign Affairs, ass 2016 erauskomm. Dora begleet hien den Ausseminister Jean Asselborn iwwer eng Period vun 18 Méint bei senge beruffleche Reesen, an och privat.[5] De Film gouf op enger Rei Filmfestivaller gewisen, an de Pasha Rafiy gouf als "Beschte Regisseur" bei de fënnefter Editioun vun den Trophées francophones du cinéma nominéiert.[6] Nieft dem Film gouf och e Fotobuch mam selwechten Titel verëffentlecht.[7]

Hie war ee vu 26 Kënschtler am Kollektiv Lët'z Arles, déi d'Fotoserie "Flux Feelings" 2017 um Fotofestival Rencontres de la photographie d'Arles ausgestallt hunn. D'Joer drop huet hien d'Fotoserie "Bad News" do ausgetallt, zesumme mat "On the Other End" vun der Laurianne Bixhain.[8]

Homepage änneren

Referenzen änneren

  1. diepresse.com: Nachrichten aus der Redaktion (12. September 2009)
  2. 100komma7.lu: De Pasha Rafiy geet op Arles (24. Juni 2018)
  3. De Pasha Rafiy op der Websäit vum Mudam
  4. Robert Schuman Art Prize – Archives um Site vun der Stad Lëtzebuerg
  5. paperjam.lu: Jean Asselborn, héros malgré lui (22. Abrëll 2016)
  6. paperjam.lu: «Foreign Affairs» et «Eldorado» aux Trophées francophones (29. November 2017)
  7. land.lu: Foreign Affairs
  8. culture.lu: LetzArles - Luxembourg à Arles, une chapelle entre charité, providence et voûte céleste vum Pablo Chimenti (16. August 2021)