De Lëtzebuerger Almanach ass e Joerbuch, dat de Verlag Guy Binsfeld vun Enn 1984 (Almanach 1985) bis Enn 1988 (Almanach 1989) erausginn huet. D'Joerbuch ass duerno nach eng Kéier opgelieft am Joer 1999 mat dem Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, 1900–1999.

Den Almanach, dee vun Ufank un eng trei Clientèle vu ronn 5.000 Leit fonnt hat, huet sech ervirgedoen duerch säin usprochsvolle Layout an d'Qualitéit vu sengen Artikelen. D'Redaktioun louch am Ufank an den Hänn vum Rolph Ketter an dem Georges Hausemer (1985), duerno dem G. Hausemer eleng (1986), dann dem G. Hausemer an der Antoinette Lorang (1987, 1988), duerno vun der Antoinette Lorang eleng (1989), a schliisslech vum Rob Kieffer a vum Romain Kohn (1999) ; ëm de Layout huet sech virun allem den Heng Ketter gekëmmert.

Auteure vun Artikele waren ë. a.: Simone Baldauff-Beck, Roland Baumann, Lucien Blau, Josy Braun, Paul Cerf, Jules Christophory, René Clesse, Mars di Bartolomeo, Jacques Drescher, Jos Durlet, Ben Fayot, Robert Garcia, Germaine Goetzinger, André Heiderscheid, Romain Hilgert, Mario Hirsch, Josiane Kartheiser, Yolande Kieffer, Henri Koch-Kent, Romain Kohn, Rosch Krieps, Paul Lesch, René Link, Ed Maroldt, Jos. A. Massard, Armand Mergen, Jean Milmeister, Marie-Paule Molitor-Peffer, Camille Montaigu, Théo Peffer, Adrien Ries, Rob Roemen, Gaston Schaber, Jos Scheuer, Félix Steinberg a Loll Weber.

Literaresch Kontributiounen hunn ë. a. geliwwert: José Ensch, Nico Graf, Georges Hausemer, Nico Helminger, Jhemp Hoscheit, Alex Jacoby, Pierre Joris, Rosemarie Kieffer, Roger Manderscheid, Jean Portante, Guy Rewenig, Lambert Schlechter, Jemp Schuster, Margret Steckel a Jacques Wirion.