Den Armand Mergen, genannt Toto, gebuer den 29. Januar 1919 zu Hiefenech, a gestuerwen den 1. Mäerz 1999 um Briddel, war e lëtzebuergesche Kriminolog, Auteur a Publizist.

Armand Mergen
Gebuer 29. Januar 1919
Hiefenech
Gestuerwen 1. Mäerz 1999
Briddel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universtéit vun Insbruck
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Schrëftsteller
Titelblat mat Autogramm

Studien änneren

Viru senger Primärschoul, déi hien zu Gréiwemaacher a Bouneweg gemaach huet, huet hie mat sengen Elteren a Frankräich gewunnt. No senger Première am Stater Kolléisch goung hien op d'ULB an op d'Universitéit Innsbruck, Medezin an Droit studéieren.

Zu Bréissel huet hie, wärend senger Studienzäit, als Pianist an enger Bar, an der Porte de Namur, niewebäi puer Sue verdéngt. Spéider gouf hien zu Innsbruck vun den Nazien, ënner dem Virwand hie géif enger zu Resistenzlerorganisatioun gehéieren, kuerz verhaft, an duerno an den anthropolgesche Service vun der Nerveklinick vun Innsbruck zwangsverflicht. Hie war ee Schüler vum éisträichesche Professer an der Kriminal-, Verierwungs- a Rassebiologie, dem Friedrich Stumpfl. Si hunn zesumme rassebiologesch Studien iwwer d'Migrantevollek vun Tiroler Karner a Jéine gemaach. Doriwwer huet hien 1949 eng vu sengen éischte gréisseren internationale Publikatiounen erausginn. Seng Promotiounsaarbecht am Droit war, 1942, Kriminalität der Geisteskranken, eng Etüd iwwer 200 Fäll vun der Universitéitsklinick Innsbruck.

Nom Krich goung hien nach an England, Südamerika a Frankräich fir sech an der Kriminologie weiderzebilden, ier hie säi Lëtzebuerger Droitsexame gemaach huet.

Beruffskarriär a Standpunkten änneren

Bis Enn 1957 hat den Armand Mergen eng Affekotenetüd an der Neipuertsgaas an der Stad. 1950 gouf hien och Geriichtsexpert a Lëtzebuerger Delegéierte vun der internationaler Kriminalbiologische Gesellschaft. Wärend dëser Zäit war hie ganz aktiv a Jugendorganisatiounen. Hie war 1947 / 1948 President vun der ASSOSS. 1937, ënner dem ASSOSS President Paul Elvinger, dem spéidere Justiz- a Wirtschaftsminister, hat hien d'Schülerorganisatioun vun der ASSOSS, de Clan des Jeunes gegrënnt a gouf hiren éischte President. Déi zwou Associatioune waren déi Zäit bekannt fir d'Organisatioun vun interessante Konferenzowenter. Hie selwer war en talentéierte Conferencier a Riedner. De Sujet vu senge Konferenze war natierlech d'Kriminologie. Bei dëse Geleeënheeten huet hien déi jonk Leit gär motivéiert fir éischter Kriminologie, eng Synthèse vun Droit a Naturwëssenschaft, wéi eleng Droit ze léieren.

Hie war och Member vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg, déi gläichermoosse Diskussiounsowenter organiséiert huet. Den Toto huet d'Humaniséierung vum Strofrecht propagéiert: D'Verbriechen ass ee soziogesche Symptom. Zweck vun der Justiz däerf net sinn d'Verbriechen der Strof wéinst ze rächen, mä si soll riichte fir den Delinquent am Zesummenhank mat senger Perséinlechkeet ze verurteelen an eng Reeducatioun mat him ze maachen, déi hie vu sengen asozialen Instinkter befreie soll.. Dofir soll virum Verdikt eng kriminologesch Enquête iwwer de Schëllege gemaach ginn. Sou war hien 1949 Matgrënner vun der Société de Défense Sociale zu Léck, déi dës Thees vertrieden huet.

1951 huet hien d'Kriminologische Gesellschaft neigegrënnt a gouf hire President.

1953 huet hien duerch seng Publikatioun Methodik kriminalbiologischer Untersuchungen an der internationaler Press vu sech schwätze gedunn. Dat selwecht Joer gouf hien, vun der franséischer Besatzungsarméi an Däitschland, als Professer fir Kriminologie op der juristescher Fakultéit vun der Johannes Gutenberg Universität zu Mainz agestallt. Hei hat hien eng Professur an der Kriminologie an am Stroofrecht bis zu senger Pensioun (1984).

1957 gouf hie seng Affekotenetüd zu Lëtzebuerg, aus perséinleche Grënn no engem Prozess géint hien, op, an ass ganz op Mainz geplënnert. Wärend der ganzer Zäit huet hien a villen auslänneschen a lëtzebuergeschen Zeitungen Artikele geschriwwen. Hie war Beroder an Instrukter beim däitsche Bundeskriminalamt (BKA) a war och ee gesichte Beroder vun de Regisseure vu Krimien.

Seng Publikatioune si bal net ze zielen. Et gëtt net vill Beräicher, déi hie net als Kriminalist a senge Wierker behandelt huet: Politik (de Fall Barschel a Bommeleeër), Glécksspiller, Sexualitéit, Wirtschaftsdelinquente.

Den Toto war an der Fräizäit e passionéierte Pilot an huet 1952 d'Union des Pilotes zu Lëtzebuerg matgegrënnt.

Seng Wierker (alles vergraff) änneren

  • Kriminalität der Geisteskranken, Untersuchung an 200 Fällen der Universitäts-Klinik Innsbruck, Luxemburg: Beffort, 1942 (Dissertatioun op der Universitéit Innsbruck) -
  • Die Tiroler Karrner: kriminologische und kriminalbiologische Studien an Landfahrern, Jenischen, 1949, Internationaler Universum-Verlag Mainz
  • Die Wissenschaft vom Verbrechen: eine Einführung in die Kriminologie, 1961, Kriminalistik Verlag für Kriminalistische Fachliteratur
  • Dokumentation über die Todesstrafe, 1963, Stoytscheff-Verlag Darmstadt
  • Beschaffungskriminalitat: Interdependenzen von Sucht, Spiel und Vermögensdelikten, 1990, Kriminalistik Verlag,
  • Grausame Automatenspiele: Eine Kriminologische Untersuchung über Kriegsspiele und Kriegsspielautomaten, Beltz,
  • Die Kriminologie: Eine systematische Darstellung, Vahlen Verlag,
  • Spiel mit dem Glück, Kriminalistik Verlag,
  • Spiel mit dem Zufall: Kriminologische Untersuchung über das Spielen an Automaten; Spieler, Automaten, Kriminogenität, Statistiken, Goldmann,
  • Tat und Täter: Das Verbrechen in der Gesellschaft, 1982, Wilhelm Goldmann Verlag,
  • Tod in Genf: Ermittlungsfehler im Fall Barschel - Mordthese vernachlässigt, Kriminalistik Verlag,
  • Verunsicherte Kriminologie, Kriminalistik-Verlag,
  • Grausame Automatenspiele: Eine kriminologische Untersuchung über Kriegsspiele und Kriegsspielautomaten, Beltz,
  • Krankheit und Verbrechen, Wilhelm Goldmann Verlag 1982
  • Das Teufelschromosom. Zum Täter programmiert, 2000, Herbig Verlag
  • Die BKA-Story, 1987, Herbig Verlag
  • Die blinde Göttin. Recht und Gerechtigkeit heute,
  • Sexualforschung, Stichwort und Bild Band I an II, 1962, Hamburg, Verlag für Kulturforschung
  • Apalien: ein Märchen für Erwachsene, 1999, Egelsbach, Fouqué Literaturverlag, 189 S.

Quellen änneren

  • Aktuelle Kriminologie: zum 10 jährigen Bestehen der Deutschen Kriminologischen Gesellschaft und dem 50ten Geburtstag ihres Präsidenten Prof. Dr. Dr. Armand Bergen, Hamburger Kriminalistik-Verlag, 1969
  • Resumée vun ASSOSS-a Club du Jeune Bareau Konferenzen aus dem Tageblatt vum Oktober 1946, 24. a 26. Abrëll 1948
  • Bové, Alfred. “Armand Mergen und die Eugenik.” In Mord und Totschlag, edited by Marie-Paule Jungblut, 308-324. Luxembourg: Musée d'histoire de la ville de Luxembourg, 2009.
  • Conter, Claude D., 2007. Mergen, Armand (Toto). In: Luxemburger Autorenlexikon. Erausgi vum Germaine Goetzinger & Claude D. Conter an Zesummenaarbecht mat aneren. S. 409. Centre national de littérature. Imprimerie Graphic Press.

Um Spaweck änneren