Paul Lesch
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Geschichtsprofesser Paul Lesch. Fir de Geschäftsmann mam änlechen Numm, kuckt wgl. Paul Leesch. |
De Paul Lesch, gebuer de 6. September 1963 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Filmhistoriker a Regisseur. Hien ass zënter 2016 den Direkter vum CNA.
Paul Lesch | |
---|---|
Gebuer |
6. September 1963 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmhistoriker, Filmregisseur, Universitéitsprofesser |
Karriär
ännerenAm Kader vum Stage pédagogique, deen en zum Deel an der Handwierkerschoul an der Stad gemaach huet, huet en eng wëssenschaftlech Aarbecht iwwer d'US-amerikanesch Filmproduktioun ënner der Presidentschaft vum Ronald Reagan geschriwwen. Nom Stage gouf e Professer an där Schoul. Hien huet och an aner Lycéeën, respektiv um Miami University John E. Dolibois European Center, der europäescher Antenn vun der Miami University zu Lëtzebuerg, als détachéierten Enseignant Filmgeschicht dozéiert.
De 4. Dezember 2015 gouf de Paul Lesch als Nofollger vum Jean Back als Direkter vum CNA ernannt, hien huet seng nei Funktioun den 1. Februar 2016 ugetrueden.[1]
Publikatiounen (Auswiel)
änneren- René Leclère, pionnier du cinéma luxembourgeois; Centre national de l'Audiovisuel, 1999.
- Au nom de l'ordre public & des bonnes moeurs: contrôle des cinémas et censure de films au Luxembourg 1895-2005; Luxembourg, Ministère de la Culture, de l'Enseignement supérieur et de la Recherche, Centre national de l'Audiovisuel, 2005, 331 S. ISBN 2919873523
- Playing Her Part. Perle Mesta in Luxembourg. Luxembourg, Amcham, 2001.
- Heim ins Ufa-Reich? NS-Filmpolitik und die Rezeption deutscher Filme in Luxemburg 1933-1944; Wissenschaftlicher Verlag Trier, 2002; 174 S. ill. ISBN 3-88476-518-3
- D'Stater Kinoen - Eine Kinogeschichte der Stadt Luxemburg; 2013, Éd. Guy Binsfeld, 360 S., 2 DVDen, ISBN 978-2-87954-263-8
Filmer als Regisseur
änneren- 1997: Call Her Madam
Um Spaweck
ännerenCommons: Paul Lesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Lesch folgt auf Back wort.lu 4.Dezember 2015