Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Robert Kieffer, genannt Rob Kieffer a gebuer den 23. Oktober 1957, ass e lëtzebuergesche Journalist, Fotograf an Auteur. Hie war Direkter vun den Éditions Guy Binsfeld.

Rob Kieffer
Gebuer 23. Oktober 1957
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf

Hie schreift Reesreportagen ë. a. fir d'Frankfurter Allgemeine Zeitung an Die Zeit an ass Coauteur vu Bicher a Guiden iwwer lëtzebuergesch Landschaften a Stied. Ufank den 1990er Jore war hien donieft och Chefredakter vun der Zäitschrëft Voilà Luxembourg.[1]

Hien huet Bicher an Ausstellunge mat Fotoe vu Lëtzebuerg an dem Saarland gemaach, déi aus engem Waarmloftballon geholl goufen.

Hien ass de Brudder vum Schrëftsteller Georges Kieffer a wunnt mat senger Famill zu Bech.

Wierker änneren

  • Das Saarland aus dem Heißluftballon / La Sarre en montgolfière / The Saarland by Hot Air Balloon. (Text vum Klaus Brill). Éditions Guy Binsfeld. 2008.
  • Luxembourg. Im Heißluftballon - En Montgolfière - By Hot Air Balloon. Éditions Guy Binsfeld 2005.
  • Büßer, Bürokraten und Bierologen. Belgische Eskapaden. 2000.
  • La Moselle luxembourgeoise et son arrière-pays/ Die Luxemburger Mosel und ihre Hinterland/ The Luxembourg Moselle and its back country (mam Romain Kohn, Jean Portante, Bob West). Luxembourg: Éditions Guy Binsfeld, [s.d.].

Referenzen änneren

  1. Artikel "Personalien - Rob Kieffer" am Lëtzebuerger Land vum 2. August 1991, Säit 2