De Félix Steinberg, gebuer de 7. Mäerz 1921 op der Kräizerbuch an der Gemeng Habscht, gestuerwen den 21. Oktober 1990, war e lëtzebuergesche Resistenzler an Zwangsrekrutéierten.[1]

Félix Steinberg
Gebuer 7. Mäerz 1921
Gestuerwen 21. Oktober 1990
Nationalitéit Lëtzebuerg

Wärend dem Zweete Weltkrich ass hien aus dem LCD geflunn, well hie refuséiert huet an d'Hitlerjugend anzetrieden. Hien huet sech an der Propagandacompagne géint Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 agesat.

Hie war Member vun der Letzeburger Legio'n wou hie Gruppechef vun de Sektioune Biissen, Béiwen a Colmer war.

De 27. Juni 1944 gouf hie vun der Gestapo festgeholl a koum an de Gronn, an duerno op Wittlich a Butzbach.

Referenzen änneren

  1. De Felix Steinberg op der Websäit ons-jongen-a-meedercher.lu