Camille Montaigu
De Camille Montaigu (Germain), gebuer de 26. Dezember 1934 zu Fameck (Frankräich), a gestuerwen den 8. Januar 2025[1],[2], war e franséische Journalist, deen als Redakter (1958-1974) an Direkter (1974-1994) vun der lëtzebuergescher Editioun vum Républicain Lorrain vill zum Opschwong vun dëser Zeitung zu Lëtzebuerg bäigedroen huet.
Camille Montaigu | |
---|---|
Gebuer |
26. Dezember 1934 Fameck |
Gestuerwen | 8. Januar 2025 |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Journalist |
De Camille Montaigu ass opgefall duerch en neie Stil, deen dora bestanen huet, dat hien net op offiziell Matdeelunge gewaart huet, mä dynamesch virun de Won gelaf ass a villes recherchéiert huet, ëmmer bestrieft, Neiegkeeten als éischten ze bréngen.
No senger Pensioun huet hie weider zu Munneref gelieft a war als begeeschterte Sportpilot zanter 1995 President vun der Amicale des Vieilles Tiges de l'Aviation luxembourgeoise (AVTAL).
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Camille Montaigu nous a quittés." lequotidien.lu, 08.01.2025.
- ↑ Der ehemalige Républicain lorrain-Journalist Camille Montaigu stirbt mit 90 Jahren." tageblatt.lu, 10.01.2025.