Méchelskierch (Stad Lëtzebuerg)

lëtzebuergesch kathoulesch Kierch

D'Méchelskierch zu Lëtzebuerg ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

Stater Méchelskierch
D'Méchelskierch um Fëschmaart

D'Méchelskierch um Fëschmaart
D'Méchelskierch um Fëschmaart
Uertschaft / Plaz Lëtzebuerg
Par Lëtzebuerg Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Koordinaten 49° 36’ 40.4’’ N
      06° 08’ 05.6’’ O
Kierchen - Kapellen
Westenfelder-Uergel

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

Se steet an der Uewerstad an der rue Sigefroi um Fëschmaart an ass dat eelst reliéist Gebai dat an der Stad Lëtzebuerg erhalen ass.

D'Kierch

änneren

D'Méchelskierch steet haut op där Plaz, wou 987 d'Buergkapell vun de Lëtzebuerger Grofe stoung.

Déi eelst Maueriwwerreschter vun der ursprénglecher Erléiserkierch ((fr) Saint-Sauveur) ginn op den zweete Véierel vum 7. Joerhonnert zeréck. Deeler vun der Fassad laanscht d'Siegfriedsstrooss stamen aus de Joren tëscht 1170 an 1190 a ginn op eng Initiativ vum Heinrich IV., Grof vun Namouer a Lëtzebuerg zeréck.[1]

1289 gëtt den Numm vum Hl. Méchel fir d'éischt am Zesummenhang mat der Kierch genannt.[2]

Am Laf vun der Zäit gouf d'Kierch ëmmer nees zerstéiert an erëm opgebaut. 1443 war den éischte Neesopbau vun der Kierch. Aus där Zäit stamen deelweis d'Rëppenarkaden. 1633 ass d'Kierch vum Dominikaneruerden iwwerholl ginn sechs Joer méi spéit ass ugefaange ginn se ze vergréisseren, woubäi den haut als Westflillek bekannten Deel bäigebaut gouf. 1648 gouf den haitegen Tuerm gebaut.[2]

Wéi déi meescht Gebaier an der Uewerstad huet och d'Méchelskierch ënnert dem franséische Bombardement ëm Chrëschtdag 1683 an der Belagerung am Fréijoer 1684 gelidden. 1687/1688 gouf d'Kierch gefléckt an ëmgebaut an hiert haitegt Ausgesi geet op déi Ëmbauten zeréck.

Duerch dat villerlee Ëmbaue sinn haut Elementer vu romanescher, gotescher a barocker Architektur dran ze fannen.

D'Kierch ass bekannt wéinst hirer aussergewéinlech gudder Akustik an hirer Westenfelder-Uergel.

D'Uergel

änneren

D'Uergel gouf 1609 fir d'Franziskaner-Klouschter um Knuedler gebaut a krut géint 1660 eent vun deene schéinsten Uergel-Gehaiser aus dem Land. Den 11. Dezember 2002 gouf d'Uergel op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen. D'Kierch selwer war schonn de 27. Mee 1963 duer opgeholl ginn.[3]

D'Paschtoueschhaus

änneren

Am Joer 1886 huet de Paschtouer Bernard Haal bei der Gemeng ugefrot fir e Paschtoueschhaus ënnerzeg vun der Kierch, op der Plaz vun der aler Sakristei bauen ze kënnen. Schonn uganks 1888 war de Bau fäerdeg an d'Aarbechte goufe vum Antoine Luja, dem Architekt vun der Stad Lëtzebuerg ofgeholl.

Iwwer d'Joerhonnerte gouf d'Gebai e puermol ëmgebaut, fir d'lescht an de Joren 2016 - 2019 an deenen et mat engem Budget vun ongeféier 500.000 € als Gesellschaftszentrum (Centre sociétaire) ëmgebaut an amenagéiert gouf. Déi bannenzeg Trap, d'Fachwierk um Rez-de-chaussée, déi meescht al hëlze Biedem an e puer original Fënsteren am 1. an 2. Stack grad ewéi eng Rëtsch Diere konnten erhale ginn[4].

Literatur

änneren
  • 1951 Ons Mëchelskirch am neie Klèd. En Interview mam Jean Dumont. Revue Nr 8 vum 14. Februar 1951, S. 12-13.
  • 1964. L'église Saint-Michel à Luxembourg 987-1964. Die Sankt-Michaelskirche in Luxemburg. Dréckerei Saint-Paul. 67 S. (An der Broschür ass keen Editeur genannt). Cote BNL LB 17719
    • Schaus, Lambert: L'église Saint-Michel à Luxembourg. S. 5-10.
    • Reuter, Joseph: Aus der tausendjährigen Geschichte der St. Michaelskirche. S. 11-22.
    • Staud, Richard. M.: Die Restaurierung der St. Michaelskirche. S. 23-34.
    • Schmitt, Georges: St. Michael am Fischmarkt. Ein Hort christlicher Kunst. S. 35-58.
    • Schmitt, Georges: Erläuterungen zum Fensterbildschmuck. S. 59-67.
  • Lascombes, François, 1987. Chronique de l'église et de la paroisse Saint-Michel. In: 1000 Joer St. Méchel zu Lëtzebuerg. (S. 14-28). Erausgi vun der Entente Fëschmaart-Alstad. Dréckerei Victor Buck, Lëtzebuerg. Cote BNL: LB 2927.
  • 1995 Tourissembroschür: "Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen" (8 Rundfahrten). Imprimerie Saint Paul. S. 5-6.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Méchelskierch (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Bruns A., „Baugeschichtliche Erläuterungen zu den Legenden der Zeichung von Wenzel Callot“ In: Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753, S. 197 – 269
  2. 2,0 2,1 ibid.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  4. Quell vun dësem Abschnitt: Inauguration du presbytère Saint-Michel - Ville de Luxembourg op vdl.lu, fir d'lescht gekuckt de 25. Mee 2019