Spideeler zu Lëtzebuerg

Wikimedia-Lëschtenartikel

Definitiounen[1]Änneren

SpidolÄnneren

Déi éischt Definitioun fir e Spidol zu Lëtzebuerg gouf mam Gesetz vun 1976[2] agefouert[3] an duerno, mam Gesetz vun 1998 ugepasst[4]. Dat aktuell Spidolsgesetz vun 2018[1] definéiert e Spidol als eng Ariichtung déi Patienten ophuele kann a sech haaptsächlech ëm d'Diagnostik, d'Iwwerwaachung an d'Behandlung am medezineschen oder chirurgeschen Beräich an ëm d'Gebuertshëllef këmmert, grad wéi ëm d'preventiv a palliativ Behandlung vu Patienten.

Anescht wéi z. B. a Frankräich wou e „Spidol“ ((fr) hôpital) en ëffentlecht an eng „Klinick“ ((fr) clinique) e privat Etablissement bezeechent, gi béid Wierder zu Lëtzebuerg mat der selwechter Bedeitung gebraucht[3].

SpidolszenterÄnneren

E Spidolszenter (offiziell centre hospitalier) ass e Spidol dat eng breet Offer vun diagnosteschen an therapeutesche Behandlungen ubitt.

Spezialiséiert KlinickÄnneren

Eng spezialiséiert Klinick (établissement hospitalier spécialisé) ass eng Klinick déi bestëmmt Besoine vun diagnosteschen an therapeutesche Behandlungen oder vu bestëmmten Erkrankungen erfëllt.

Heem fir Leit um LiewensennÄnneren

Engem Heem fir Leit um Liewensenn (établissement d’accueil pour personnes en fin de vie) seng Haaptaufgab ass déi stationär Behandlung vu Leit an engem avancéierten oder am Endstadium vun enger schwéierer an onheelbarer Krankheet.

ThermalbadÄnneren

D'Missioun vun engem Thermalbad (établissement de cures thermales) ass fir therapeutesch Kueren unzebidden.

DiagnostikzenterÄnneren

En Diagnostikzenter (centre de diagnostic) ass eng Ariichtung déi bestëmmt Besoine vun diagnostescher Betreiung vun den Patienten iwwerhëlt. Dozou gehéieren biomedezinesch Analysen, awer keng Fleeg.

SpidolsgruppenÄnneren

Zu Lëtzebuerg gëtt et véier Spidolsgruppen:

Spidolsgrupp Spideeler an deem Grupp Websäit
Centre hospitalier de Luxembourg (CHL)[5]

CHL Site Centre, och Hôpital municipal genannt (Belair-Nord)
CHL Maternité, och Maternité Grande-Duchesse Charlotte genannt (Belair-Nord)
CHL KannerKlinik, och Clinique pédiatrique genannt (Belair-Nord)
CHL Site Eich, och Clinique d'Eich genannt (Eech)

www.chl.lu
Hôpitaux Robert-Schuman (HRS)[6]

Hôpital Kirchberg (Kierchbierg)
Clinique Bohler (Kierchbierg)
Zithaklinik (Garer Quartier)
Clinique Sainte-Marie (Esch-Uelzecht)

www.hopitauxschuman.lu
Centre hospitalier Émile-Mayrisch (CHEM)[7]

CHEM Esch-Uelzecht (Escher Spidol)
CHEM Nidderkuer, och nach Hôpital Princesse Marie-​​Astrid genannt
CHEM Diddeleng

www.chem.lu
Centre hospitalier du Nord (CHdN)[8]

CHdN Wolz, déi fréier Clinique Saint-Joseph
CHdN Ettelbréck, dat fréiert Hôpital Saint-Louis

www.chdn.lu

Donieft gëtt et nach déi follgend spezialiséiert Spideeler a Gesondheetsariichtungen:

Numm Uertschaft Typ Spezialisatioun Websäit
Centre hospitalier neuro-psychiatrique (CHNP)

id Therapiezenter Useldeng

id Therapiezenter Manternach

Ettelbréck Spezialiséiert Klinick Psychiatresch Rehabilitatioun www.chnp.lu

www.ctu.lu

www.syrdallschlass.lu

Centre François-Baclesse Esch-Uelzecht Spezialiséiert Klinick Radiotherapie fir Kriibspatienten www.baclesse.lu
Centre national de rééducation fonctionelle et de réadaptation, och nach Rehazenter genannt Kierchbierg Spezialiséiert Klinick Physesch Rehabilitatioun www.rehazenter.lu
Institut national de chirurgie cardiaque et de cardiologie interventionnelle, och nach Häerz-Zenter genannt Belair-Nord, um Site vum Centre hospitalier Spezialiséiert Klinick Häerzkrankheeten www.incci.lu
Hôpital intercommunal de Steinfort Stengefort Spezialiséiert Klinick Rehabilitatioun fir Geriatriepatienten www.his.lu
Centre de réhabilitatioun - Château de Colpach Nidderkolpech Spezialiséiert Klinick Physesch Rehabilitatioun a rehabilitatioun no enger Kriibsbehandlung www.rehabilitation.lu
Thermalbad Munneref Munneref Thermalbad Thermalmedizin a -kueren www.mondorf.lu
Haus Omega Hamm Heem fir Leit um Liewensenn Stationär palliativ Betreiung www.omega90.lu
Laboratoire national de santé Diddeleng Diagnostikzenter Diagnostikzenter www.lns.lu

Fréier SpideelerÄnneren

Zu de fréiere Spideeler zu Lëtzebuerg zielen ënner anerem:

Um SpaweckÄnneren

Commons: Spideeler zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. 1,0 1,1 Loi du 8 mars 2018 relative aux établissements hospitaliers et à la planification hospitalière. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-26.
  2. Loi du 29 août 1976 portant planification et organisation hospitalières. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-26.
  3. 3,0 3,1 Anrys, Henri. (1977). Les hôpitaux au Luxembourg. Les hôpitaux dans le marché commun : Législations, structures et fonctionnement .Bruxelles : Larcier : Comité européen de l'hospitalisation privée, 1977 P. 313-340.
  4. Loi du 28 août 1998 sur les établissements hospitaliers. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-26.
  5. chl.lu: Le CHL en bref (gekuckt den 11. Juli 2019)
  6. hopitauxschuman.lu: Nos établissements (gekuckt den 11. Juli 2019)
  7. chem.lu: Sites hospitaliers (gekuckt den 11. Juli 2019)
  8. chdn.lu: Die Gebäude (gekuckt den 11. Juli 2019)