Scheedhaff
De Scheedhaff ass e Lieu-dit an der Gemeng Lëtzebuerg deen am Südoste vum Quartier Hamm, op der Grenz mat der Gemeng Sandweiler läit. De Scheedhaff besteet aus zwee Wunnhaiser an den Iwwerreschter vun engem Bauerenhaff (Scheedhaff).
Scheedhaff | |
---|---|
![]() De Scheedhaff | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Scheidhof de: Scheidhof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Koordinaten |
49° 36’ 33.50’’ N 06° 11’ 49.83’’ O |
Ugrenzend un de Scheedhaff, am Dräieck tëscht dem CR159 dee vu Sandweiler op Izeg féiert, der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg an dem CR234, läit, op Sandweiler-Gebitt, d'Industriezon Scheedhaff (Zone industrielle Schaedhaff).
Den Numm Scheedhaff kënnt vum Flouernumm Scheed, vun der Plaz wou e steet. De Scheed ass eng vun den héige Plazen am Biergréck deen den Uelzechtdall vum Sirdall trennt.
Kuckt och Änneren
- Bemierkenswäert Beem um Scheedhaff:
Um Spaweck Änneren
Commons: Scheedhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |