Kofferfabrick (Bouneweg)

Gebai zu Bouneweg an der Stad Lëtzebuerg

D'Kofferfabrick zu Bouneweg ass e Gebai vun der fréierer Bouneweger Klouschtermillen, an deem méi spéit d'Kofferfabrick Emile Dupret dra war.

Kofferfabrick (Bouneweg)
Gebai vun der fréierer Kofferfabrick zu Bouneweg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Bouneweg
Adress 98 rue Auguste-Charles
Koordinaten 49° 36’ 02.6’’ N
      6° 08’ 42.1’’ O
Statut Verwaltungsgebai
Proprietär Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
Reklamm fir Kofferfabrick Dupret (1965)

Zanter 1988 ass et e Verwaltungsgebai vum Service circulation vun der Stad Lëtzebuerg[1].

Geschicht änneren

Klouschtermillen änneren

Schonn ier d'Bouneweger Klouschter tëscht 1150 an 1210 gegrënnt gi war, bestoung - ongeféier do wou dat haitegt Gebai vun der Kofferfabrick steet - d'Bouneweger Klouschtermillen. An der Zäit vun der zweeter Äbtissin gouf d'Millen d'Proprietéit vum Klouschter.

Iwwer d'Joren hat d'Millen e puermol verschidde Piechter. An der Nuecht vum 27. November 1794 gouf et e Feier, bei deem nieft der Abtei och d'Follmillen, de Schapp an d'Ställ verbrannt sinn.

An der Zäit vun Directoire gouf d'Klouschtermillen de 6. Dezember 1797 zum Bien national deklaréiert a versteet. Neie Proprietär vun der Mille gouf de J.-B. Bernard Arnoul, de President vun der Zentralverwaltung.

Den 9. September 1810 koum et zu engem fait divers bei der Millen, wéi de Mëller zesumme mat senger Fra eng Läich aus der Uelzecht gezunn hunn. Et huet sech ëm den Dominique Pescatore, e Geschäftsmann aus der Fleeschiergaass gehandelt.

An de Joren duerno hunn d'Proprietären nach e puermol gewiesselt: 1813 huet d'Millen dem Friddensriichter Peter Desert gehéiert, duerno der Marie-Françoise Muskyn-Friaux an 1862 dem Bouneweger Entreprener Mathias Welter-Reisdorf. De Welter huet am Gebai vun der Millen eng Wiertschaft opgemaach, d'Immobilie awer dat Joer drop schonn nees verkaaft. Den neie Proprietär war dunn de Philippe Funck-Erdmer, e Béierbrauer aus Clausen.

De Funck hat Wëlles säi Betrib aus Clausen an d'Bouneweger Klouschtermillen ze verleeën a huet dowéinst gréisser Gebaier laanscht d'Strooss opriichten an d'Fielsekelleren ausbaue gelooss. An de Joren duerno koum et zu Streidereien tëscht den eenzele Millebedreiwer an der Géigend, andeems déi eng déi aner beschëllegt hunn hiert Wier ze héich gebaut ze hunn, sou datt fir déi aner net genuch Waasser am Floss war. De Funck huet schlussendlech drop verzicht seng Brauerei op Bouneweg ze plënneren.

Industriell Betriber änneren

Am Joer 1882 huet d'Millen dem Fierwer Jean-Baptiste Ludovicy gehéiert, deen eng Wollspënnerei dran amenagéiert hat an där ëm déi 20 Leit geschafft hunn. 1888 huet säi Brudder Franz d'Wierk iwwerholl. Deem säin Neveu, de Franz Konz, huet dunn 1898 eng Seefefabrick do opgemaach.

Ëm 1906 huet den Emile Dupret d'Wiese kaaft an eng Koffergéisserei oder Kofferfabrick do opgemaach. Nom Doud vum Emile Dupret den 8. August 1931, gouf d'Firma als „Société anonyme des anciens établissements Emile Dupret“ am Handelsregëster agedroen[2],[3].

An der Géisserei goufe Formen an Armaturen aus Koffer fabrizéiert, déi haaptsächlech fir Héichiewen zu Lëtzebuerg an am Ausland gebraucht goufen. 1948 goufen d'Gebailechkeeten deelweis ëmgebaut an den Undriff vun de Maschinne gouf vu Waasserkraaft op elektresch Motoren ëmgestallt.

Mat der Produktioun gouf am Januar 1980 opgehalen an d'Firma Dupret, déi no an no vun der Arbed iwwerholl gi war, gouf de 27. Dezember 1984 opgeléist[4].

D'Gebaier ware schonn 1982 vun der Stad Lëtzebuerg opkaaft ginn.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kofferfabrick (Bouneweg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Haupstädtischer Verkehrsdienst stellte sich der Presse vor an Ons Stad Nr 38/1991, S. 3
  2. Recueil spécial du Mémorial N° 76 vum 31. Oktober 1931
  3. Nouvelles firmes an: L'indépendance luxembourgeoise 9.11.1931, S. 3
  4. Dissolution du 27 décembre 1984 N° 3364 ënnert der Nummer B1450, gekuckt op lbr.lu den 21. Mee 2020