Veräiner an Organismen

Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Veräin (Réckbildung aus vereenen) bezeechent eng Organisatioun, an där sech Persounen zu enger bestëmmter gemeinsamer, duerch Statute festgeluechter Aktivitéit, zum Austausch iwwer oder zum Ausliewe vu bestëmmte gemeinsamen Interessien, oder änlechem zesummegeschloss hunn.

An Däitschland kënne sou Gruppéierunge sech als eingetragener Verein (agedroene Veräin) registréiere loossen, fir als juristesch Persoun optrieden ze kënnen. Zu Lëtzebuerg hu mer keng speziell legal Form fir Veräiner, si mussen op d'Form vun enger Association sans but lucratif zeréckgräifen, fir eng juristesch Persoun ze ginn.

Wann e Veräi sech net registréiere léisst, dann ass en eng reng Association de fait, wat ënner anerem bedeit, datt en als Veräin net viru Geriicht goe kann, an datt déi eenzel Membere fir hir Doten am Kader vun hirem Veräi selwer responsabel sinn an op d'Geriicht geholl kënne ginn.

Veräiner an Organismen zu Lëtzebuerg änneren