Gantebeensmillen
D'Gantebeensmillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Hesper an et war fréier eng vu fënnef Waassermillen déi am Uelzechtdall an der Ëmgéigend vun Hamm funktionéiert hunn.
Gantebeensmillen | |
---|---|
![]() Iwwerreschter vun der Waassermillen op der Gantebeensmillen | |
An anere Sproochen |
fr: Moulin de Gantenbein de: Gantenbeinsmühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Marc Lies (CSV) |
Koordinaten |
49° 36’ 15.1’’ N 06° 10’ 11.2’’ O |


Déi wirtschaftlech Bedeitung vun de Mille laanscht d'Uelzecht bestoung virun allem doran, datt s'an der virindustrieller Zäit déi eenzeg Energieproduzente waren. Do gouf Waasserkraaft a mechanesch Energie ëmgewandelt. Ronderëm d'Millen huet d'industriell Revolutioun am 19. Joerhonnert ugefaangen.
Nach ier den neien Thomas-Procedé zu Lëtzebuerg bekannt gouf - mat deem een aus phosphorhaltegem Minett Stol gewanne kann - hat an der Géigend vun Hamm d'industriell Produktioun schonn ugefaangen d'Agrarproduktioun lues a lues ofzeléisen[1].
Wéini d'Gantebeensmillen um rietsen Uwänner vun der Uelzecht, déi fréier ënner dem Numm „Mille beim Tuerbelsfiels“[1] bekannt war, gegrënnt gouf ass net bekannt; gewosst ass awer, datt et eng Schläifmille mat 2 Gebaier war[2] war, déi am Joer 1821 dem Peter Gantenbein gehéiert huet. 1823 krut hien d'Autorisatioun fir d'Platinerei an eng Mielmillen ëmzebauen[3]. 1872 ass d'Millen dunn un d'Duchfabrik vun e Bridder Godchaux verkaf ginn.

1934 huet d'Famill C. Kremer-Legros op der Gantebeensmillen um lénksen Uwänner eng oppe Schwämm an eng Wiertschaft opgemaach. 1945 war dunn d'Ouverture vun der Hostellerie Gantenbeinsmühle vum Jules Rolling[3].
De Succès vun der Schwämm mat hirem Café huet bis Ufank vun den 1960er Jore gedauert; duerno ass et méi roueg ginn a schlussendlech gouf zougemaach. An den 1970er Jore koum en neie Proprietär deen de Schwammbaseng renovéiert, e Bar op der Terrasse an e Café-Restaurant nei opgemaach huet[4].
D'Schwämm an de Restaurant hunn ...[Wéini ?] definitiv zougemaach, an zënterhier stinn d'Gebaier eidel a verfalen. Aus engem Projet vun engem Wellnesshotel, deen 2012 opkoum, grad ewéi virdrun deene vun enger Diskothéik oder engem Club-Restaurant[5], ass näischt ginn. Den 31. Mee 2017 huet et am fréiere Restaurant gebrannt[6].
Am Summer 2021 gouf op der Gantebeensmille fir e puer Méint e Pop-up Open-air-Club mam Numm “The River” installéiert.[7]
De Kayak Club Olympia Hamm, deen 1936 gegrënnt gouf an zënter 1997 de Kayak Club Hesper ass, huet säi Bootshaus op der Gantebeensmillen.
Biller Änneren
Kuckt och Änneren
- Duchindustrie zu Lëtzebuerg
- Déi aner Mille ronderëm Hamm: Follmillen, Schläifmillen, Bouneweger Millen, Polvermillen.
Literatur Änneren
- Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. 2. Aufl. 800 S. Christnach: E. Borschette; Luxembourg: Impr. Saint-Paul, Luxemburg.
Um Spaweck Änneren
Commons: Gantebeensmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- “Gantebeensmillen”: Schandfleck in der Alzettetal-Idylle op tageblatt.lu de 26. Abrëll 2017, fir d'lescht gekuckt de 5. August 2018
- RTL weist Iech, wéi d'Schwämm an der Gantebeensmillen elo ausgesäit! op rtl.lu den 23. Mäerz 2019, fir d'lescht gekuckt den 23. Mäerz 2019
Referenzen an Notten Änneren
- ↑ 1,0 1,1 Hubert Marx, 1988, Leben in Hamm einst und jetzt an Ons Stad, Nr. 28, Säit
- ↑ Urkadasterplang
- ↑ 3,0 3,1 Gantebeensmillen op industrie.lu, fir d'lescht gekuckt de 6. August 2018
- ↑ Marie-Louise Wallers-Rykal, D'Gantebeensmillen op memories.lu - Meng Erënnerungen – Eis Geschicht, den 29. Mee 2017, fir d'lescht gekuckt de 6. August 2018
- ↑ "Ein Wellness-Hotel an der „Gantenbeinsmillen“." wort.lu, 16.03.2012.
- ↑ Feier op der Gantebeensmillen, op rtl.lu den 31. Mee 2017, fir d'lescht gekuckt de 5. August 2018.
- ↑ " 'The River': Das Comeback der Gantebeensmillen." wort.lu, 30.06.2021.