Élisabeth vu Lëtzebuerg (1922-2011)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Duechter vun der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Felix. Fir aner Frae mam Titel 'Élisabeth vu Lëtzebuerg', kuckt wgl. Élisabeth vu Lëtzebuerg. |
D'Prinzessin Élisabeth Hilda Zita Marie Anna Antonia Friederike Wilhelmine Louize vu Lëtzebuerg, bestuet Herzogin vun Hohenberg, gebuer den 22. Dezember 1922 op Schlass Bierg, a gestuerwen den 22. November 2011, war eng lëtzebuergesch Prinzessin, Duechter vun der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg an hirem Mann, dem Prënz Felix
Élisabeth vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Gebuer |
22. Dezember 1922 Schlass Bierg |
Gestuerwen |
22. November 2011 Schlass Fëschbech |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Aristokrat |
Famill | |
Papp | Felix vu Bourbon-Parma |
Mamm | Charlotte vu Lëtzebuerg |
Geschwëster | Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg |
Si huet den 9. Mee 1956 an der Stad Lëtzebuerg de Franz Herzog von Hohenberg (1927–1977) bestuet. Si kruten 2 Kanner:
- Prinzessin Anita von Hohenberg (gebuer den 18. August 1958 op Schlass Bierg), bestuet 1978 mam Romée de La Poëze Comte d'Harambure (gescheet 1998), bestuet 2005 mam Andreas Graf von Bardeau.
- Prinzessin Sophie von Hohenberg (gebuer den 10. Mee 1960 op Schlass Bierg), bestuet 1983 mam Jean-Louis de Potesta
Den 22. November 2011 huet den Haff matgedeelt datt Prinzessin Elisabeth gestuerwen ass.[1]
Referenzen
änneren- ↑ Doud vun der Prinzessin Elisabeth op rtl.lu gekuckt den 22.11.2011