Vëlospist PC17

Itinéraire cyclable de l'ouest
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Vëlospist PC17, och nach Westpist, offiziell Itinéraire cyclable de l'ouest, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

Vëlospist PC17
offiziellen Numm Itinéraire cyclable de l'ouest
Lëtzebuerger Numm Westpist
vu(n) Näerden
op Schleef (Wanseler)
Längt 47,8 km
déifste Punkt Réiden op der Atert
héchste Punkt Kietscht
Land Lëtzebuerg


Streck änneren

Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC17 iwwer 47,8 km vun Näerde bis bei den Uschloss vun der PC20 tëscht Wanseler an der Schleef. Se féiert da laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Näerden, Nidderpallen, Réiden op der Atert, Hueschtert-Gare, Rammerech, Kietscht an Ueschdref.

Aktuell sinn zwéin Deeler realiséiert[2]:

  1. vun Näerden op Ueschdref a
  2. vu Léifreg op Béiwen.

Dat sinn am Ganzen 21,79 km[2]. Den déifste Punkt (265,56 m) ass zu Réiden op der Atert (Schummeschmillen) an den héchsten (519,30 m) zu Kietscht (rue des Alliés)[3].

Vun Näerde bis op Kietscht leeft d'PC17 iwwer déi fréier Schmuelspuerlinn Näerden-Roumecht.

Uschlëss un aner Pisten änneren

D'Westpist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

geplangt:

Bemierkungen änneren

Vun der Vëlospist PC17 feelen nach zwéin Deeler: an der Mëtt d'Streck tëscht Ueschdref a Léifreg an am Norden den Deel vu Béiwe bis an d'Schleef[2].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist PC17 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt den 10. Juni 2019
  3. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn