Sophie vu Lëtzebuerg

lëtzebuergesch Prinzessin

D'Sophie Caroline Marie Wilhelmine vun Nassau-Weilburg, Prinzessin vu Lëtzebuerg, gebuer de 14. Februar 1902 um Schlass Bierg a gestuerwen de 24. Mee 1941 zu München, war déi jéngst Duechter vum Groussherzog Wëllem IV. vu Lëtzebuerg a senger Fra, der Maria Ana vu Bragança, an deemno déi kleng Schwëster vun de Groussherzoginne Marie-Adélaïde a Charlotte.

Sophie vu Lëtzebuerg
Titelen
Biographie
Gebuer 14. Februar 1902
Colmer-Bierg
Gestuerwen 24. Mee 1941
München
Papp Wëllem IV. vu Lëtzebuerg
Mamm Maria Ana vu Bragança
Geschwëster Charlotte vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg

Den 12. Abrëll 1921 huet si sech um Schlass Hohenburg mam Ernst Heinrich von Sachsen bestuet.

Si kruten dräi Jongen:

  • Dedo (1922-2009)
  • Timo (1923-1982), bestuet 1952 mat der Erika Montanus, 1956 mat der Margit Lukas (1923-1957), 1966 mat der Charlotte Schwindack (1919) an 1974 mat der Erina Flitz (1921)
  • Gero (1925-2003)

D'Sophie vu Lëtzebuerg, bestuet Sophie vu Sachsen, ass 1941 un enger Longenentzündung gestuerwen.