Aquarius (Stärebild)
Den Aquarius (lat), (lëtz.: Waassermann) ass e Stärebild dat op der Ekliptik läit.
Date vum Stärebild Aquarius | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Waassermann |
Laténgeschen Numm | Aquarius |
Laténgesche Geenitiv | Aquarii |
Lat. Ofkierzung | Aqr |
Lag | Ekliptik |
Rektaszensioun | 20h 38m bis 23h 56m |
Deklinatioun | +3° 20´ bis -24° 55´ |
Fläch | 980 Quadratgrad |
Siichtbar op Breetegrad | 65° Nord bis 87° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
2 |
Hellste Stär, Gréisst |
β Aquarii (Sadalsuud), 2,90m |
Meteorstréim | Eta-Aquariden Delta-Aquariden Iota-Aquariden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Pegasus Equuleus Delphinus Aquila Capricornus Piscis Austrinus Sculptor Cetus Pisces |
Beschreiwung
ännerenDen Aquarius ass e grousst, awer wéineg opfällegt Stärebild südlech vum Pegasus. Nëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi déi drëtt Gréissteklass. Den Aquarius gehéiert zu den Déierekreeszeechen, well d'Ekliptik duerch d'Stärebild leeft. D'Sonn steet vum 21. Januar bis de 26. Februar all Joer am Aquarius.
Geschicht
ännerenObwuel den Aquarius keen opfällegt Stärebild ass, zielt et awer zu den eelste bekannte Konstellatiounen. Fir d'Mënschen aus der Antiquitéit muss et eng gréisser Bedeitung als Kalennerzeeche gehat hunn. Wann d'Sonn an de Waassermann koum, huet dat den Zäitpunkt vun der Reenzäit markéiert. Méiglechweis staamt dovun den Numm. Och e ganze Koup vun Nopeschstärebiller hunn och eppes mat Waasser ze dinn.
Himmelsobjeten
ännerenStären
ännerenB | F | Namen | m | M | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|---|
β | 22 | Sadalsuud | 2,90 | -3,5 | 610 | G0 Ib |
α | 34 | Sadalmelik | 2,95 | -3,9 | 760 | G2 Ib |
δ | 76 | Skat, Scheat | 3,27 | -0,18 | 160 | A3 V |
γ | 48 | Sadachbia, Sadalachbia | 3,86 | 0,44 | 158 | A0 |
ζ1,2 | 55 | Bunda | 3,65 | 105 | F6IV + F3 V | |
c2 | 88 | 3,86 | -0,60 | 105 | F6IV + F3 V | |
λ | 73 | Hydor, Ekkhysis | 3,73 | -1,7 | 390 | M2 III |
ε | 2 | Albali | 3,78 | -0,46 | 230 | A1 V |
b1 | 98 | 3,96 | 0,48 | 162 | K0 III | |
η | 62 | 4,04 | 0,29 | 184 | B9 IV | |
τ2 | 71 | 4,05 | -1,3 | 380 | M0 III | |
θ | 43 | Ancha | 4,17 | 0,33 | 191 | G8 III-IV |
φ | 90 | 4,22 | 0,05 | 222 | M2 III | |
ψ1 | 91 | 4,24 | 0,95 | 148 | K0 III | |
ι | 33 | 4,29 | 0,67 | 173 | B9 IV | |
b2 | 99 | 4,38 | -0,50 | K4 III | ||
ψ2 | 93 | 4,41 | -0,56 | 320 | B5 V | |
ζ2 | 4,42 | 1,91 | 103 | F3 IV | ||
k | 3 | 4,43 | -1,2 | 450 | M3 III | |
c1 | 86 | 4,48 | 0,67 | 188 | G8 III | |
ω2 | 105 | 4,49 | 1,12 | 154 | B9 V | |
ν | 13 | Abulaan | 4,50m | 1,00 | 164 | G8 III |
ζ1 | 4,59 | 2,08 | 103 | F6 IV | ||
ξ | 23 | Abulaan | 4,68 | 1,0 | 179 | A7 V |
g | 66 | 4,68 | -1,2 | 490 | K3 III | |
b 2 | 101 | 4,70 | -0,3 | 320 | A0 V | |
c2 | 89 | 4,71 | -1,3 | 520 | A3 IV | |
μ | 6 | 4,73 | 1,34 | 155 | A3m | |
ο | 31 | 4,74 | -0,6 | 380 | B7 Ve | |
π | 52 | Seat | 4,80 | -2,8 | 1100 | BI Ve |
σ | 57 | 4,82 | 0,27 | 265 | A0 IV | |
A 2 | 104 | 4,82 | -1,7 | 640 | M3 III | |
Χ | 92 | 4,93 | -1,5 | 640 | M3 III | |
ω1 | 102 | 4,97 | 1,91 | 134 | A7 IV | |
ψ3 | 95 | 4,99 | 0,58 | 250 | ||
κ | 63 | Situla | 5,04 | 0,76 | 234 | K2 III |
25 | 5,10 | 0,76 | 241 | K0 III | ||
47 | 5,12 | 1,37 | 183 | K0 III | ||
1 | 5,15 | 0,77 | 245 | K1 III | ||
108 | 5,17 | 0,2 | 320 | Ap Si | ||
97 | 5,19 | 0,88 | 237 | A3 V | ||
94 | 5,20 | 3,62 | 68 | G6 / G8 IV | ||
106 | 5,24 | 0,2 | 330 | B9 V | ||
68 | 5,24 | 0,68 | 266 | G8 III | ||
HR 8987 | 5,27 | 0,60 | 280 | K3 III | ||
107 | 5,28 | 1,21 | 212 | F2 V | ||
32 | 5,29 | 1,04 | 231 | A5m | ||
41 | 5,33 | 0,65 | 281 | K1 III | ||
42 | 5,34 | -0,5 | 480 | K1 III | ||
ρ | 5,35 | -1,4 | 750 | B8 III | ||
103 | 5,36 | -0,9 | 580 | K4 / K5 III | ||
38 | 5,43 | -0,8 | 560 | B5 III | ||
83 | 5,44 | 1,63 | 188 | F2 V | ||
18 | 5,48 | 2,07 | 157 | F0 V | ||
21 | 5,48 | 0,0 | 410 | K4 III | ||
7 | 5,49 | -0,8 | 600 | K5 III |
De Beta Aquarii ass mat enger visueller Magnitude vun 2,90m den hellste Stär am Aquarius. Et ass en Iwwerris mat der Spektralklass G0 Ib op enger Distanz vu 610 Liichtjoer. Den Numm Sadalsuud ass arabesch a bedeit souvill, wéi „d'Gléck vum Gléck“.
Den zweethellste Stär, den Alpha Aquarii (Sadalmelik, arabesch „d'Gléck vum Kinnek“), ass 760 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en Iwwerris mat der Spektralklass G2 Ib. Hien huet den 80fachen Duerchmiesser an déi 6.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
De Gamma Aquarii (Sadachbia, arabesch „d'Gléck vun den Zelter“), ass 158 Liichtjoer ewech.
Den Delta Aquarii läit op enger Distanz vun 160 Liichtjoer an huet d'Spektralklass A3 V. Als Urspronk vu sengem Numm Skat gëtt meeschtens „Been“ genannt. Et kéint ursprénglech awer och „Wonsch“ bedeit hunn.
System | m | Ofstand |
---|---|---|
ζ | 4,42 / 4,59 | 1,67" |
ψ | 4,24 / 10 / 10 | 49,6/0,3" |
ω2 | 4,49 / 4,97 | 46,8" |
τ2 | 4,05 / 5,86 | 39" |
41 | 5,6 / 7,1 | 5,0" |
94 | 5,3 / 7,3 | 12,6" |
101 | 4,8 / 7,1 | 1,2" |
104 | 4,82 / 8,58 | 113" |
κ | 5,04 / 8,8 | 98,8" |
107 | 5,7 / 6,7 | 6,8" |
Den ζ Aqr ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 105 Liichtjoer. Zwéi gläichgrouss Stäre kreesen ëm ee gemeinsame Schwéierpunkt, woufir si ronn 800 Joer brauchen. D'System ka schonn an engem klengen Teleskop an zwéi Stären, déi wäiss liichten, opgeléist ginn.
Verännerlech Stären
ännerenObjet | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
λ | 3,73 bis 3,8 | onreegelméisseg Verännerlecher | |
π | 4,42 bis 4,70 | Gamma-Cassiopeia-Typ | |
ο | 4,68 bis 4,89 | Gamma-Cassiopeia-Typ | |
R | 5,8 bis 12,4 | 387 Deeg | Mira-Stär |
Den R Aquarii ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vun 1.000 Liichtjoer. De Stär ännert an engem Zäitraum vun 387 Deeg seng Hellegkeet, woubäi an engem Rhythmus vun 24 Joer periodesch Schwankungen optrieden. Am Maximum ass de Stär 5,8m hell a kann nach just mat bloussem A gesi ginn. Am Minimum erreecht hien nëmmen nach eng Hellegkeet vun 12,4m. An deem Zäitraum brauch een natierlech e méi grousst Teleskop.
Messier (M) | NGC | verschiddener | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
2 | 7089 | 6,4 | Kugelstärekoup | ||
72 | 6981 | 9,5 | Kugelstärekoup | ||
73 | 6994 | 8,5 | Oppene Stärekoup | ||
7009 | 9 | Planetareschen Niwwel | Saturnniwwel | ||
7184 | 11 | Galaxie | |||
7293 | 7 | Planetareschen Niwwel | Helixniwwel | ||
7492 | 11 | Kugelstärekoup | |||
7606 | 11 | Galaxie | |||
7727 | 10 | Galaxie |
Am Aquarius sinn dräi Objeten, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog mat niwwelegen Objeten, dem Messier-Katalog, opgeholl hat.
Den M 2 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu 50.000 Liichtjoer.
Den M 72 ass och e Kugelstärekoup a läit op enger Distanz vu 60.000 Liichtjoer. Et ass de liichtschwaachste Kugelstärekoup am Messierkatalog.
Den M 73 ass keen echte Stärekoup, mä eng Grupp vu véier Stären an engem Ofstand vun 2.000 Liichtjoer.
Op ronn 3.000 Liichtjoer Distanz ass de planetareschen Niwwel NGC 7009, deen och Saturnniwwel genannt gëtt. Mat senger elliptescher Form erënnert hien eppes un d'Rankplanéite Saturn.
Am südlechen Deel fënnt een den Helixniwwel. Et ass e planetareschen Niwwel op enger Distanz vu 500 Liichtjoer. Mat engem Duerchmiesser vun 13 Bouminutten an enger Hellegkeet vu 7m ass et dee gréissten an hellste planetareschen Niwwel um Nuetshimmel.
Beim Gliese 876 hëlleft keen optescht Instrument méi, fir de Begleeder z'erkennen: E Planemo. De Rouden Zwerg am Aquarius (Liichtkraaft: 0,0016 × Sonn, Mass: 0,32 × Sonn, Duerchmiesser: 0,36 × Sonn) ass 11 Milliarde Joer al an huet als Begleeder ee vun de klengsten entdeckte Planéiten. De Planemo vun der 8-facher Mass vun der Äerd an duebelem Duerchmiesser ëmkreest de Stär vun der Spektralklass M3,5 (Gréissteklass 10,15) all 1,94 Deeg an engem Ofstand vun 0,021 AE. Fir Liewen ass hien - egal op Gas- oder Gesténgsplanéit - wéinst vun senger kuerzer Distanz zum Stär mat 200 - 400 °C ze waarm (änlech: My Arae). Zwéi weider, och ganz waarm Exoplanéite mat der 1,6- an 0,5-facher Mass vum Jupiter ëmkreesen de Stär an nëmmen 0,21 respektiv 0,13 AE Ofstand.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Aquarius – Biller, Videoen oder Audiodateien |