NGC 7009
De Saturnniwwel (NGC 7009) ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Aquarius. Seng visuell Magnitude ass +8,30 mag a säin Duerchmiesser läit bei 0,5' × 0,4'.
De Saturnniwwel opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.. | |
Stärebild |
Aquarius (Aqr) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 21h 04m 11s [1] |
Deklinatioun | - 11° 21' 48" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | + 8,0 mag[2] mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | + 8,3 mag mag |
Wénkelduerchmiesser | 0,5' x 0,4' |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 2400 Lj[2] |
Routverrécklung | -0,000 155 |
Radialvitess | -46,6 km/s |
Absolutten Duerchmiesser | ? Lj |
Geschicht | |
Entdecker | Wilhelm Herschel |
Entdeckungsdatum | 7. September 1782 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
CS | 11.5 |
GC | 4628 |
h | 2098 |
H | 4.1 |
NGC | 7009 |
PK | 37-34.1 |
Struve | 8 |
Lalande | 40765 |
Den Niwwel gouf de 7. September 1782 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Den Numm Saturnniwwel krut hie vum Lord Rosse, well d'Form vun de Jetten déi op der Säit eraustrieden un d'Réng vum Saturn erënneren.
Seng Distanz zu eis ass 2.400 Liichtjoer (nom Hynes), iwwer 2.900 (nom Sky Catalogue) an 3.900 (nom Burnham adopts O'Dell), also zimmlech ongewëss.
Visuell Observatioun
ännerenDe Saturnniwwel NGC 7009 ass schonn a klengen Teleskope vun zirka 60 mm Ëffnung un, als stellaren Objet z'erkennen. An engem Teleskop mat ronn 10" Ëffnung ass den NGC 7009 scho richteg opfälleg, och wa souwuel d'Strukture wéi och déi béid Jetten nëmme ganz schwéier an nëmmen ënner beschte Bedéngungen z'observéiere sinn.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: NGC 139 – Biller, Videoen oder Audiodateien |