Aquila (Stärebild)
Den Aquila (Aadler) ass e markant Stärebild vum nërdleche Summer- an Hierschthimmel.
Date vum Stärebild Aquila | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Aadler |
Laténgeschen Numm | Aquila |
Laténgesch Ofkierzung | Aql |
Positioun | um Himmelsequator |
Rektaszensioun | 18h 41m bis 20h 39m |
Deklinatioun | +18° 40´ bis -11° 50´ |
Fläch | 652 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 78° Nord bis 71° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Summer |
Stärenzuel mat Gréisst < 3m |
2 |
Hellste Stär, Gréisst |
Altair (Atair) (α Aquilae), 0,8m |
Meteorstréim | |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerrzäresënn) |
Sagitta Hercules |
Beschreiwung
ännerenWéinst dem opfälleg hellen Haaptstär Altair (α Aquilae), deen Deel vum ausgedeente Summerdräieck ass, kann den Aquila liicht um Summerhimmel fonnt ginn. Uewen an ënne vum Atair leien déi hell Stären Tarazed (γ Aquilae) an Alshain (β Aquilae). Déi dräi Stäre maachen de Kapp vum Aadler aus. Déi aner Stäre sollen déi ausgebreete Flilleke vum Aadler duerstellen.
Vum Stärebild Cygnus kommend, zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss duerch den Aadler, a weider zum Sagittarius, wou de Galakteschen Zentrum vun eiser Galaxis ass. Wann ee mam Teleskop duerch d'Stärebiller sträift, erkennt een interessant Strukturen, hell an donkel Gebidder, an der Mëllechstrooss.
Geschicht
ännerenDen Aadler gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker griichescher Astronomie, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Den Haaptstär Atair (och Altair, (arabesch) fir „den Aadler dee flitt“) gouf scho bei de Sumerer an de Babylonier den Aadlerstär genannt.
De südlechen Deel vum Aadler war bis an dat fréit 19. Joerhonnert och als Antinous bekannt.
Himmelsobjeten
ännerenStären
ännerenB | F | Numm | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 53 | Altair (Atair) | 0,8m | 16,7 | A7 IV |
γ | 50 | Tarazed | 2,72m | 461 | K3 II |
ζ | 17 | Deneb el Okab | 2,99m | 83 | A0 Vn |
θ | 65 | 3,24m | 287 | B9 III | |
δ | 30 | 3,36m | 50 | F3 IV | |
β | 60 | Alshain | 3,71m | 44 | G8 IV |
η | 55 | 3,87m | 1180 | F6 Ib | |
ε | 13 | 4,02m | 154 | K1 III | |
i | 12 | 4,02m | |||
l | 71 | 4,31m | |||
λ | 15 | Lambda Aquilae | 4,34m | 125 | B9 V |
ι | 41 | Iota Aquilae | 4,36m | 307 | B5 III |
μ | 38 | 4,45m | 111 | K3 III | |
ν | 32 | 4,64m | 3.000 | F2 Ib | |
ξ | 59 | 4,71m | 203 | G9 IIIb | |
69 | 4,91m | ||||
70 | 4,91m | ||||
κ | 39 | 4,93m | 1460 | B0 III | |
ρ | 67 | 4,94m | 154 | ||
f | 26 | 4,98m | |||
4 | 5,02m | ||||
e | 36 | 5,03m | |||
18 | 5,07m | ||||
23 | 5,10m | ||||
ο | 54 | 5,12m | 63 | F8 V | |
37 | 5,12m | ||||
21 | 5,14m | ||||
b | 31 | 5,17m | |||
σ | 44 | 5,18m | 680 | B3 V + B3 V |
Den Altair (α Aquilae) ass mat enger visueller Hellegkeet vun 0,8m en opfälleg helle Stär. Et ass e blolech-wäisse Stär vun der Spektralklass A7 mat der zéngfacher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Seng Uewerflächentemeperatur ass ronn 8.600 Kelvin.
D'Spektroskopesch Ënnersich weisen, datt hie sech an nëmme 6,5 Stonnen ëm déi eegen Achs dréit. Mat enger Distanz vu 17 Liichtjoer gehéiert hien zu den noosten Nopere vun eiser Sonn.
Deen zweethellste Stär, γ Aquilae (Tarazed), ass een Iwwerris mat der Spektralklass K3 a läit 461 Liichtjoer vun eis ewech.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
ζ | 2,99m/12m/12m | 6,5/158,6" |
β | 3,71m/12m | 13" |
ε | 4,02m/10m/10m | 131,1/148,6" |
ο | 5,12m/14m | 22,5" |
15 | 5,4m/7,1m | 39" |
57 | 5,7m/6,5m | 35,7" |
5 | 5,7m/7,3m | 13" |
π | 6,2m/6,9m | 5,7" |
Den ζ Aquilae ass e Méifachstäresystem op enger Distanz vun 83 Liichtjoer, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt beweegen. Den 2,99m hellen Haaptstär huet zwéi liichtschwaach Begleeder am Ofstand vu 6,5 an 158,6 Bousekonen.
Den arabeschen Numm Deneb el Okab bedeit „Schwanz vum Falk“.
De β Aquilae ass een Duebelstär op enger Distanz vu 44 Liichtjoer a besteet aus engem 3,71m hellen Haaptstär an enger 12m heller Komponent op enger Distanz vun 13 Bousekonnen.
Verännerlech Stären
ännerenStär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
η | 3,5m bis 4,4m | 7,1766 Deeg | Cepheiden |
σ | 5,18m bis 5,2m | 1,95 Deeg | bedeckungsverännerleche Stär |
R | 5,6m–12,0m | 300 Deeg | Mira-Stär |
Den η Aquilae ass ee pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ vun de Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech reegelméisseg mat enger Period vu 7 Deeg, 4 Stonnen a 14 Minutten tëscht 3,5 a 4,4m.
Den σ Aquilae läit 680 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär. All 195 Deeg zitt ee liichtschwaache Stär virun deen hellen Haaptstär, wat zu engem liichten Hellegkeetsënnerscheed féiert.
R Aquilae ass e verännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vun 800 Liichtjoer. De Stär ännert wärend engem Zäitraum vu ronn 300 Deeg seng Hellegkeet. D'Pulsatiounsperiod huet sech an de leschten honnert Joer erhieflech verréngert. Ufank vum 20. Joerhonnert huet si nach 350 Deeg gedauert. Am Maximum ass de Stär 5,6m hell a ka just nach mat bloussem A gesi ginn. Am Minimum erreecht hie nëmmen nach eng Hellegkeet vun 12,0m.
Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
6709 | Oppene Stärekoup | ||||
6738 | Oppene Stärekoup | ||||
6751 | Planetareschen Niwwel | ||||
6755 | Oppene Stärekoup | ||||
6760 | Kugelstärekoup | ||||
6772 | Planetareschen Niwwel | ||||
6781 | Planetareschen Niwwel | ||||
Barnard 142/143 | Donkelniwwel |
Den NGC 6709 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vu 2.600 Liichtjoer.
1,5° nordwestlech vum γ Aquilae läi de Barnard 142/143, eng ausgedeenten Stëbswollek, déi d'Liicht vun de Stären hannendru verdonkelt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Aquila – Biller, Videoen oder Audiodateien |