De Pegasus ass e Stärebild vum nërdleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Pegasus
Lëtzebuergeschen Numm Pegasus
Laténgeschen Numm Pegasus
Laténgesche Geenitiv Pegasi
Laténgesch Ofkierzung Peg
Positioun Himmelsequator
Rektaszensioun 21h 5m bis 0h 15m
Deklinatioun +2° bis +36°
Fläch 1121 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 65° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Stäre mat
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär,
Gréisst
Enif (ε Pegasi),
2,39m
Meteorstréim Pegasiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Andromeda
Lacerta
Cygnus
Vulpecula
Delphinus
Equuleus
Aquarius
Pisces
Kaart vum Stärebild Pegasus

Beschreiwung änneren

De Pegasus ass en ausgedeent Stärebild um Hierschthimmel, dat ee Päerd duerstellt, dat op der Kopp steet a flitt. D'Stäre γ, α, β a Sirrah bilden de Kierper – woubäi de Sirrah eigentlech zum Andromeda gehéiert. D'Stäre ζ, θ an ε formen den Hals an de Kapp vum Päerd. Dës Stäre féieren zum Kugelstärekoup M 15.

Geschicht änneren

De Pegasus gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker Astronomie, déi schonn dem Ptolemäus bekannt waren.

De 51 Pegasi war den éischte Stär (no eiser Sonn), bei deem e Planéitesystem nogewise gouf. Bei der Auswäertung vum Spektrum gouf erausfonnt, datt e Planéit vu Jupitergréisst ëm de Stär kreest.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst
ε 8 Enif 2,39m 673 K2 Ib
β 53 Scheat 2,4 bis 3,0m 199 M222 II-III
α 54 Alpha Pegasi, Markab, Menkib 2,49m 140 B9.5 III
γ 88 Gamma Pegasi, Algenib 2,80 bis 2,86m 333 B2 IV
η 44 Matar 2,93m 215 G2 II-III
ζ 42 Homam 3,41m 209 B8.5 V
μ 48 Sadalbar 3,51m 117 M2 III
θ 26 Baham 3,52m 97 A2V
ι 24 3,77m 38 F5 V
λ 47 3,97m 395 G8 II-III
1 4,08m 154 K1 III
κ 10 4,14m 115 F5 IV
ξ 46 4,20m 53 F7 V
χ 89 4,20m 53 F7 V
π2 29 4,28m 252 F5 III
υ 22 4,42m 173 F8IV
9 4,43m 901 G5 Ib
2 4,52m 443 M1 III
55 4,54m 322 M2 III
7 4,54m 178 G8 III
τ 62 Salm, Kerb 4,58m 167 A5V
ψ 84 4,63m 433 M3 III
56 4,76m 537 K0 Iip
35 4,78m 160 K0 III
32 4,78m 607 B9 III
ο 43 4,80m 305 A1 IV
IN 4,82m 971 B2 IV-V
ν 22 4,86m 263 K4 III
ρ 50 4,91m 282 A1V
78 4,93m 235 K0 III
72 4,97m 548 K4 III
GZ 5,05m 762 M4 Sv
φ 81 5,06m 437 M2 III
14 5,07m 303 A1 Vs
77 5,09m 818 M2 III
16 5,09m 512 B3 V
66 5,09m 330 K3 III
σ 49 5,16 88 F7 IV
59 5,15m 253 A5 Vn
12 5,29m 1129 K0 Ib
7 5,30m 522 M2 III
HT 5,30m 188 A4 Vn
HW 5,33m 575 M5 IIIa
HR 5,34m 256 K2 III
13 5,34m 109 F2 III-IV
64 5,35m 834 B6 III
30 5,37m 919 B5 IV
58 5,39m 619 B9 III
51 5,45m 50 G5 V
5 5,46m 321 F1 IV
KS 5,49m 239 A1 Vn

Den α Pegasi läit op enger Distanz vun 140 Liichtjoer. De Stär liicht bloelzeg an huet Spektralklass B9.
Den Numm Markab ass arabesch a bedeit „Suedel“.

Méifachstären änneren

System Gréissten Ofstand
α 2,5 / 7,8 / 11m 138 / 82"
1 4,2 / 9,3m 36"
37 5,8 / 7,1m 0,6"
72 5,7 / 5,8m 0,5"

Den ε Pegasi ass e Dräifachstäresystem op enger Distanz vu 673 Liichtjoer. Den Haaptstär ass extreem liichtkräfteg an huet déi 11fach Mass an den 175fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. 1972 huet de Stär en Hellegkeetsausbroch gewisen, woubäi hie mat 0,70m opfälleg hell gouf. Am wäiten Ofstand vun 138 Bousekonne steet ee 7,8m helle Begleetstär.
Den arabeschen Numm Enif leet sech of vun der „Maul“ (vum Päerd).

Verännerlech Stären änneren

Stär Gréisst Period Typ
β 2,4 bis 3,0m onreegelméisseg
γ 2,80 bis 2,86m 0,1575 Deeg Beta-Cephei-Stär

Den β Pegasi ass ee verännerleche Stär op enger Distanz vun 199 Liichtjoer. Et handelt sech ëm e Roude Ris mat dem 200fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Seng Hellegkeet schwankt an onreegelméissegen Zäitraim tëscht 2,4 an 3,0m.
Den arabeschen Numm Scheat bedeit „Viischt Been“ (vum Päerd).

Den γPegasi ass 333 Liichtjoer ewech an ass e pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Beta-Cephei. Seng Hellegkeet verännert sech nëmmen e bësschen iwwer engem Zäitraum vun 3 Stonnen a 47 Minutten.
Den arabeschen Numm Algenib bedeit „Flank“ (vum Päerd).

Messier- an NGC-Objeten änneren


 
NGC 7331 Foto vum Spitzer Teleskop
 
Den NGC 7331 mat weidere Galaxien
Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
1 +12,8m Spiralgalaxis
2 +14,2m Spiralgalaxis
14 +12,2m Irregulär Galaxis
15 +13,9m Spiralgalaxis
16 +12m Lënsefërmeg Galaxis
18 +14m Duebelstär
15 7078 +6,0m Kugelstärekoup
7217 +10,1m Spiralgalaxis
7317 +13,6m Elliptesch Galaxis
7318A +13,4m Elliptesch Galaxis
7318B +13,2m Balkespiralgalaxis
7319 +13,3m Balkespiralgalaxis
7320 +12,5m Spiralgalaxis
7320C +16m Balkespiralgalaxis
7331 +9,5m Spiralgalaxis
7479 +10,9m Balkespiralgalaxis

De Kugelstärekoup M 15 ass zirka 30.000 Liichtjoer vun eis ewech.

Den NGC 7331 ass eng Spiralgalaxis vum Typ Sb a läit op enger Distanz vun ronn 60 Millioune Liichtjoer.

D'Galaxien NGC 7317, NGC 7318A, NGC 7318B, NGC 7319 an NGC 7320 maachen eng Grupp, déi Stephans Quintett genannt gëtt. Wéinst hirer Distanz vu ronn 380 Millioune Liichtjoer sinn d'Galaxien net ganz hell.

Den NGC 7479 ass eng Balkespiralgalaxis.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Pegasus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie